Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

ACEL Meets Cercles 2017

By June 4, 2017May 29th, 2019No Comments

Um Samschden, 10. Juni 2017, huet d’ACEL hiren alljäerlech ACEL-Meets-Cercles(AMC) organiséiert. Esou hunn sech um Campus Belval vun der Uni.lu, d’ACEL a seng Cercle zesummegesat fir iwwert aktuell Themen, un deenen d’ACEL grad schafft, ze schwätzen. Och de Cercle gouf d’Méiglechkeet gebueden, hirersäits Themaen anzebréngen an driwwer ze diskutéieren.

Themen déi ugeschwat goufe war folgend:

  • Taxe d’Habitation
  • GEZ
  • Registres des Titres&Taxe d’Homologation
  • Avis zur Rifkin-Etude
  • Ëffentleche Transport fir Studenten
  • Stagen fir Studenten
  • Debriefing Student fir 1 Dag
  • Foire de l’Etudiant 2017
  • Guide du Futur Etudiant
  • Balcharte
  • Baler an der Chrëschtvakanz
  • Aner divers Punkten

Dëst Event ass vu grousser Bedeitung, well d’ACEL esou am permanenten Austausch mat senge Membercerclë steet an doduercher och de Studenten hier Rechter an Interesse vertriede kann.