Mir sichen e neie Grafiker

03.06.2017 09:48

Mir sichen e neie Grafiker

D'ACEL ass op der Sich no engem(r) neie(r) Grafiker(in) fir an eise Comité.

D'ACEL ass op der Sich no engem(r) neie(r) Grafiker(in) fir an eise Comité.

Wat sichen mer?

  • Eng motivéiert Persoun, déi Spaass an Loscht huet fir am Design ze schaffen
  • Gutt Adobe Illustrator an Indesign Kenntnisser
  • Student sinn

Wat bidden mer?

  • Realisatioun vum Pubmaterial fir de Studentebal
    • Ganzt Pubmaterial designen (vum Flyer bis de Béierdeckel)
    • Riseg Visibilitéit duerch d’ganz Land
  • Realisatioun vum Zoom (d'Studentenzeitung)
    • 70’000 Exemplairen déi 1x d’Joer als Bäilag am Lëtz. Wort verschéckt gëtt
  • Matschaffen un der Realisatioun vun nei Projeten (nei Gadgeten, nei Publikatiounen etc.)
  • Realisatioun vu verschidde Grafike fir verschidde Projeten (Facebook Posts, Guide du Futur Etudiant, Lidderbuch, Calicot etc.)

Wann dir potentiell Kandidate kennt, wiere mir frou wann dir se géift drop uschwätzen. Interesséiert Kandidate kënnen eis gären eng Mail op contact@acel.lu schécken oder eis iwwer Facebook kontaktéieren.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.