Blog

28.06.2017 14:43

XXL Intercercle'en

Och dëst Joer hunn eis zwee gréissten Intercerclen nees ronderëm d'Päischtvakanz stattfonnt. D'Saufest zu Wien an den Beachvolleyball zu Lautern hunn nees masseg Léit ugezunn.

Den 7. Juni war et fir den LSK nees soweit säin legendären Beachvolleyball-Intercercle zu Kaiserslautern ofzehalen. Dëst Joer hun erëm méi wei 100 Lëtzebuerger Studenten aus den verschiddensten Stied, den Wee bis ob Lautern fonnt fir géinteneen am Beachvolleyball unzetrieden. Mëttwochmoies sinn mir dunn mat 26 Equippen un den Start gaangen an hun en flotten Beachvolleyballtournoi gebueden kritt. D'Sportler an Visiteuren goufen mat genuch Gedrénks an Gegrills versuergt. No engem spannenden Match stoungen dunn d’Gewënner fest : den Cercle vun Innsbruck konnt dëst Joer den Pokal mat Heem huelen. Nom Tournoi ass et Owes mat enger Flatrate-Party weider gaangen. An enger Grillhütt am Bësch, gouf zesummen zu Owend geiess an bei all-you-can-drink an gudder Musek gutt an den Owend/Moien eragefeiert.

1.jpg

Den 2. Juni dëst Joer war et alt erëm sou wäit. Et war Päischtweekend an déi meescht Studenten hunn eng kleng Vakanz oder verlängerten Weekend gehat an haten d Méiglechkeet op Wien ze kommen.
Sou hunn d’Lëtzebuerger Studenten vun Wien déi aner Cerclen alleguer invitéiert fir mat hinnen 3 Deeg laang ze feieren an Wien bëssen onsécher ze maachen!
Schon säit puer Wochen war et richteg waarm an sou war Freides Owes, den 2. Juni perfekt Wierder fir am Café Morgans um Schwedenplatz sech eng éischt kéier alleguerten zesummen op der Terrass ze setzen an en Patt ze huelen. Et huet och net laang gedauert bis déi ganz Terrass voll mat Lëtzebuerger Studenten souz an déi,déi méi spéit koumen hun sech gemittlech mat hirem Béier enzwousch dobäi gestallt.No engem flotten Owend wou een schon eng rei nei Leit kennegeléiert huet, sinn der vill nach bëssen weider op den Tour gaangen, anerer hun den Wee séier heem fonnt fir den Daach drop richteg fit fir d’Saufest ze sinn!
Samschdes ass et dunn bei beschten Wiederkonditiounen weider gaangen! Bei em déi 30 Grad stoung engem legendären Daach naicht méi am Wee. Dëst Joer huet den Äismann den Wee ouni Problemer an Verspéidungen um hallwer 12 bei eis fonnt sou dass de Béier, de Wäin an d’Softs schon kal waren wou dunn déi éischt Leit schon um 12 den Wee bei eis fonnt hunn. Relativ séier sinn ëmmer méi Leit komm an um 13h ass dunn den Metzler mat den 2 bestallten Sai komm. Den Undrang war immens grouss an no enger knapper Stonn war schon keen Stéck méi iwwereg. Dat war en Genoss! Gutt gestäerkt konnt d’Saufest dunn richteg lass goen. Déi eng setzen gemittlech am Schied ze schwätzen an ze drénken, anerer hunn Flunkyball gespillt an am Laaf vum Daach war och jiddereen sech puer mol an Donau bëssen ofkillen an schwammen. Et war eng riesen grouss Party bei där em déi 320 Leit gezielt hun wou d'Kees zou gemaach gouf! Duebelt souvill wéi d lescht Joer!

Sonndes sinn der secher e puer mat engem bëssen méi decken Kapp méi laang am Bett leien bliwwen an hun sech fir den leschten Owend deen nach virun der Dier stoung erholl. Eng rei Leit hunn den Daach genotzt fir sech Wien nach bëssen unzekucken an anerer hunn sech och schon erëm Nomëttes an Caféen getraff fir iwwert den Dach virdrun ze schwätzen. Owes um 20 Auer war dunn erëm RDV an der Stiegl-Ambulanz wou mir en gudden Schnitzel mat Gromperenzalot oder Spinatgnocchi giess goufen.

No 3 legendären Deeg ass et dunn Méindes fir déi meescht erëm Heem gaangen.

img-2762.jpg

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.