Blog

18.07.2017 21:19

ANESEC & ANELD Beachcup

Déi éischt Versioun vum Beachcup organiséiert vun der ANESEC an der ANELD

Sonndes, de 25. Juni hunn d’ANESEC an d’ANELD fir d’éischte Kéier hiren Beachcup zu Lëntgen um Beachvolleyball Terrain organiséiert. Am ganzen hunn 16 Equippen a 3 oder 4 Spiller matgemaach. Natierlech waren all Cerclen invitéiert fir matzespillen an all Equipe misst just 1 Eko- oder Droit-Student sinn. D’Wieder huet Gott sei dank awer nach matgespillt an et hunn sech och eng Partie Supporter um Spillrand fonnt, déi hir Equippen natierlech mat vill Leidenschaft an Elan ugefeiert hunn. D’Spiller hunn alles ginn, et gouf jo och genuch ze gewannen. Nieft engem Eemer Fox-Béier krut d’Gewënner-Equipe och nach Entrées-Tickete fir an den Europa-Park an déi 2 een Bong fir an den Hitch. Fir hei mathalen ze kënnen, war natierlech fir genuch Iessen a Gedrénks gesuergt datt och jidderee gutt gestäerkt an d’Matcher konnt eragoen.

Op dëser Platz gratuléiere mir dann nach eng Kéier der Gewënner Equipe "Frank la Torture", déi sech an enger spannender Final duerchsetze konnt. Op alle Fall war den Tournoi ee vollen Erfolleg a wäert hoffentlech d’nächst Joer erëm stattfannen an zu enger traditioneller Intercercle erun wuessen.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.