Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Avis zur Rifkin Étude

By July 19, 2017May 29th, 2019No Comments

 

Den Avis vum Daachverband vun de lëtzebuergesche Studentevereenegungen ëmfaasst heibäi dräi Schwéierpunkten : D’Roll vum Student an der zukünfteger Gesellschaft, der Fuerschung an der Leier sou wie dem Lifelong Learning.

Bei dem éischten thematesche Schwéierpunkt ass et der ACEL wichteg opzeweisen, dass die an der Studie gefuerdert Verännerungen zum Deel ee groussen Ëmbroch am Bildungsberäich mat sech brengen, et par contre fahrlässeg wier dem Trend vun der Digitaliséierung blann ze talonnéieren an die gesamt Bildung op dëse Beräich ze fokusséieren. Villméi sollt et eng punktuell Upassung a keng Verdrängung vun Disziplinne ginn. Donieft muss een de Leit verm

ëttelen dass Verännerunge mei schnell stattfannen an een sech stänneg un nei Erausfuerderungen upasse muss. Et dierf och net de Fall sinn dass d’Schüler zu engem Héichschoulstudium an der Informatik bzw. der Informatiounstechnologie gedrängt ginn, mee et muss villméi drop opgepasst ginn, dass eis Heterogenitéit souwuel beim Verhältnis vun Akademiker zu Net-Akademiker an eise Gesellschaft, wie och die vun de studéierten Disziplinne konstant bleift.

Bei der Fuerschung a Leier gesäit d’ACEL d’Entwécklung an de leschte Joren als positiv. De Campus Belval an die do ugesidelt Universitéit an hier Fuerschungszentere sinn die richteg Ausriichtung fir eng dynamesch a wandelnd Gesellschaft. Hei wier et awer wichteg sech nëmmen op eng Handvoll Beräicher ze fokusséieren an ze spezialiséieren a weiderhin dofir suergen dass fir die net ofgedeckten Disziplinnen d’letzeboiesch Studenten hier Weeër an d’Ausland an och erëm zréck fannen.

 

Den drëtten a leschte Schwéierpunkt läit um Lifelong Learning. Wie der d’Studie ze enthoulen ass, wäerte Verännerungen an nei Erausfuerderungen a vill mei kuerzen Ofstänn op die jonk Salariéen treffen. Dowéinst ass et wichteg seng Qualifikatioune konstant ze erweideren an unzepassen. D’ACEL fuerdert dowéinst dass Weiderbildungsméiglechkeeten iwwer die gesamt berufflech Lafbunn ugebueden a vum Staat finanziell subventionéiert ginn. Nëmmen duerch eng stänneg Weiderbildung kann ee verhënneren, dass de Salariéen hiert ugëeegent Wëssen ze schnell veraalt a Sie um Aarbechtsmarché un Bedeitung verléieren.

Als Schlussfolgerung muss d’ACEL feststellen dass d’Studie zum Deel zimlech iwwerflächlech bleift an eng Reih gewote Prognosen opstellt. Hei wier et wichteg, die vill Themen die ugeschwat gi wieder ze verdéiwen. Heibäi dierf d’Roll vun der ACEL net vernoléissegt ginn, well hier Ronn 10’000 Memberen die Mënsche sinn, fir die die diskutéiert Themen an

 

den

 

nächste Joerzéngte vu grousser Bedeitung wäerte sinn. Donieft sinn et die Jonk Matmënschen, die als Botschafter fir Verännerungen agéieren an dowéinst ass et wichteg des vun Ufank un mat anzebannen.

avis-rifkin-acel