Blog

18.07.2017 21:25

Karlsruher Vëlosheemrees

Dëst Joer als Intercercle !!

Dëst Joer huet den Comité vun der Aelk decidéiert, dës traditionelle Vëlosheemrees déi fiert 31. Kéier ofgehalen gouf, och fir aner Cerclen zougänglech ze maachen andeems se et als Intercerlcle proposéiert gouf. Den But, vun dëser Aktivitéit ass usech ganz einfach. D'Leit fueren mam Vëlo vun Lëtzebuerg op Karlsruhe alles am Kader vun engem gudden Zweck.

Dat ganzt huet, dann den 30. Juni um 4 Auer moies ugefaangen ,wou d'Participants all op een Teller Nuddelen getraff hun, fir schon déi néideg Kuelenhydrater ze tanken, dass se deen laangen Wee vun 220 Kilometer och packen. Natierlech hun déi Coureuren vun anerer Cerclen och eng Schlofplaz béi den Comitésmemberen fonnt an konnten méi oder manner “ausgeschlof” op den Start goen.

 Den offiziellen Start vun den Coureuren war dunn um 5 Auer moies ,wou dann déi 19 Coureuren gestart sinn. Dobäi goufen se vun 3 Camionnetten begleet déi mir vum Emile Weber an Voyages Vandivinit zu Verfügung gestalt kruten.

 Vun Karlsruhe aus sinn d'Coureuren, dann mam Vëlo op Saarbrécken gefuer, wou dann vun 12.30 bis 13.30 eng Mëttegpaus gemaach gouf. Den Saarbreckenercercle war sou fein d'Fuerer ze ënnerstëtzen andeems sie eis een Mëttegiessen mat Zaloten, Uebst an vill Kuelenhydrater preparéiert hun. Déi zousätzlech Stäerkung konnten d'Coureuren och gutt brauchen, déi sech zu deem Moment schon iwwert eng Réi Héichtemeter gequäält hun.

 Um 13.30 hun d'Studenten Saarbrécken rem Äddi gesot, an sech mam Peloton rem op den Wee gemaach, well d’Coureuren haten nach eng gutt 70 Kilometer virun sech. Mëttes goufen se, dann och vun fréieren Karlsruher Studenten begleet déi do och nach enkéier hier Fitness bewisen hun.

 Um 17.00 Auer sinn se, dann schlussendlech an der Staat op der Agence Merl-Jardins vun BGL BNP Paribas ukomm. Dobäi war d’Press och present ,wou all d’Coureuren nach fir eng Gruppefoto poséiert hun. Um 18.00 konnten nach déi Coureuren déi wollten op den Geesseknäppchen ann Sportshal duschen goen.

 Am Endeffekt war eis 31. Vëlosheemrees een Erfolleg, an d'Studenten vun Karlsruhe konnten mat hierem Intercercle  bis lo iwwer 3000 Euro sammelen, déi un d’Make-A-Wish Luxembourg gespent goufen.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.