Blog

05.07.2017 11:42

Pubaktioun fir den Studentebal'17

D'ACEL mecht mat sengen Cerclen Werbung fir den Bal.

Och dëst Joer sinn eis Comitésmemberen mat deenen verschiddenen Cerclen déi dëst Joer um Bal deelhuelen, nees duerch d’Land gezunn an hunn Pub fir den Studentebal’17 gemaach. Ënnerenanerëm waren eis Leit um Virowend vun Nationalfeierdag, zu Baastenduerf um Wäifest oder och nach an der Stadt ënnerwee. Mir hoffen natierlech, dass dir eis gesitt hutt an dass mir verschiddener villäicht um Bal zeréck gesinn. Wann dir ären Ticket nach net kaf hutt, keen Problem. Virverkafsticketen kritt dir an der Fabrik zu Miersch, beim Fränk zu Dikrech, am Snooze an der Stadt an um Belval an beim Pitcher zu Esch. Seechert iech ären Ticket an verpasst d’Editioun 2017 net !!

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.