Blog

18.07.2017 22:00

Studentebal 2017

D'Zelt as oofgeriicht an domadder ass déi 17. Editioun vum Studentebal eriwwer. E grousse Merci soen mir de Cerclen, eisen Partneren, den DJen an de Visiteuren fir e gelongene Bal!

D’Zelt ass oofgeriicht an domadder ass och déi 17t Editioun vum Studentebal eriwwer. Ronn 4000 Leit hunn dëst Joer de Wee op de Bal fonnt an hunn déi 30 verschidden Special Drinks vun eisen 31 Membercercle probéiert. Ouni d’Hëllef vun all de Cerclen wier de Studentebal net méiglech gewiecht an dofie wollt de Comité vun der Acel nachemol e grousse Merci ausdrécken! Fie déi gudd Stëmmung soën mir den DJen MDoubleU an den Diamonds Merci genausou wéi eisen Visiteuren, déi de Studentebal nees zum gréissten Open-Air Bal am Land gemaach hunn. Mir hoffen iech alleguer nächst Joër op der 18ter Editioun vum Acel Studentebal remzegesinn.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.