Blog

03.07.2017 13:59

Summercup'17

Och dëst Joer war nees eng top Stëmmung um Summercup.

Ewéi all Joer, huet och dëst Joer den Summercup nees stattfonnt. Deskeier zu Hostert bei Niederanven. Den Cercle vun Köln huet den Tournoi d’lescht Joer gewonnen, an hat dowéinst dës d’Joer d’Chance den Tournoi ze organiséieren. Well der ACEL natierlech och vill un hiren Cercle’en leit, ass eng kleng Delegatioun op Hostert gefuer. Vu, dass der ACEL hier Qualitéiten lo net grad am sportlechen Secteur leien, hunn mir beim Beerpong-Tournoi deelgeholl. All eis 3 Equippen hunn et bis an d'K.O-phase gepackt. Leider ass déi éischt Equipe an der Véierels-, die aner zwou an der Halleffinall erausgeflunn. Schlussendlech haten mir awer een flotten Dag, an soen dem LSC Merci fir déi gutt Organisatioun.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.