Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

REEL 2017

By September 26, 2017May 30th, 2019No Comments

Déi 33t Editioun vun der REEL (Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois) wa dëst Joer vum 21 bis de 24 September zu Köln an zu Bonn. Eng ronn 120 Studenten haten sech zesummefonnt fir gemeinsam 4 flott Deeg ze verbréngen.

Donneschdes, den 21ten September, ass REEL eröffnet gi mat den Workshop vun der ACEL. Hei stounge 4 verschidde Beräicher um Programm déi zesumme beschwat gi sinn. Nodeems de President vun der REEL, de Jeff Diderrich, d’Leit häerzlech begréisst huet, si Resultater vun de véier Workshop presentéiert ginn. Weider ass et dunn mat engem Iessen an der Mensa vun der Universitéit zu Köln gaangen. Mëttes stoung e Rallye um Programm, deen duerch déi al däitsch Haaptstat Bonn gaangen ass. Mat verschiddene Spiller a Challengë stoung hei virun allem de Spaass am Virdergrond. Owes ass et no engem Iesse weider an d´Bonner Nuetsliewe gaange wou bis spéit an Nuecht gefeiert a gesongen ginn ass.

Freides Moies stounge Visitten um Programm. Hei konnt een sech am Viraus bei senger Umeldung teschend verschiddenen Destinatiounen entscheeden: Baykomm Communication Center, Köln Bonn Airport, Ford Werke Köln Niehl, MMC Studios, Rheinenergie-Stadion s Schokoladenmuseum. No deem kulturelle Moie stoungen da Mëttes d’Virträg vun de Partner um Programm. Hei haten da Sponsoren am grousse Grupp d’Méiglechkeet sech am Viraus engkéier kuerz ze presentéieren, ier dunn d’Participanten op enger Foire d’Méiglechkeet haten, sech bei engem Walking Dinner mat de Partner ze ënnerhalen. Owes ass et dunn weider gaangen op d’Soirée Publique, wou zesumme mat de Partner, mat de Visiteuren an natierlech de Participanten gefeiert gouf.

Samschdes ass traditionell deen Dag op der REEL wou de mei sérieuxen Deel um Programm steet. Hei ass et Moies mat enger Diskussiounsronn mam Aarbechtsminister Nicolas Schmit lassgaangen. Thema vun der REEL „Beziehungsstatus: Es ist kompliziert! Die Beziehung zwischen Arbeitgeber und zukünftigem Arbeitnehmer”, ass dann hei och opgegraff ginn an et sollt virun allem em Studenten, Stagen a Schaffen zu Lëtzebuerg goen. Mëttes ass et dunn mam nämmlechten Thema weidergaangen. Et gouf eng Podiumsdiskussioun moderéiert vum Pit Everling. Invitéë waren hei Isabelle Schlesser (ADEM), Tom Baumert (House of Enterpreneurship), Marc Hansen (Héichschoulminister), Marco Wagener (Conseil Economique et Social) an de Charel Muller (ACEL Präsident). Nodeems de ganze Grupp dono zréck op Köln gefuer ass, haten se dann déi grouss Éier, de Premierminister Xavier Bettel op der REEL begréissen ze kennen, deen och direkt mat e puer Lidder begréisst ginn ass. No enger Wellkommensried vum Lëtzebuerger Premier stoung d’Galaiessen um Programm, dat bis an Nuecht gedauert huet. Fir Stëmmung huet hei déi lëtzebuergesch Grupp Zero Point five gesuergt.

Sonndes, nodeems schonn 3 Deeg laang gutt gefeiert gouf, stoung e mei relaxe Programm op der Dagesuerdnung. Gestart ass et moies gemittlech mat engem Brunch. Mëttes konnt een dann entweder mat an d´Schwämm goen oder sech fir eng Wäintour entscheeden. Owes stoung zum Ofschloss nach en Owesiessen op enger Hütt am Ahrtal um Programm. Am spéiden Owend ass et dunn nach mam Bus zréck op Lëtzebuerg gaangen.

D’ACEL kuckt mat grousser Freed op eng erfollegräich Zesummenaarbecht mam Comité vun der REEL fir dës 33. Editioun zréck a seet dem REEL’s Comité Merci fir hiren immensen Engagement während deene leschte Méint an iwwert déi 4 Deeg!