Blog

07.10.2017 17:08

Nei Editioun vun de Guiden

Zanter Mëtt September sinn déi nei Editioune vum Guide du Futur Etudiant a Guide du Futur Diplômé erhältlech.

Am Guide du Futur Etudiant fënnt een Informatiounen iwwert méi wéi 40 Universitéitsstied déi mir mat eise Memberscerclen zesumme gedroen hunn. Nieft Theme wéi der Wunnengssich an der Aschreiwung op den eenzelen Unie sinn awer och e puer Geheimtippe vu Studenten op der Plaz dra vertrueden. De PDF vum Guide du Futur Etudiant ass HEI disponibel.

De Guide du Futur Diplômé informéiert iwwert d'Demarchen nom Studium, oder wann een e Stage sicht. Wéi schreiwen ech en CV? Wéi leeft e Virstellungsgespréich of? Wat si meng Rechter als Salarié? Äntwerten op dës an nach méi Froen, fir e perfekte Start an d'Aarbechtsliewen ze garantéiere fënnt een am neie Guide du Futur Diplômé, deen een HEI erofluede kann.

Déi zwee Guidë sinn och a Pabeierform disponibel op der Foire de l'Etudiant, op eise Studieninfoen an an all Agence vun der Spuerkeess.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.