Blog

12.10.2017 15:29

Neit Lidderbuch

Du sichs traditionell lëtzebuergesch Lidder? Du wëlls méi wéi just déi éischt Strof vun der Hesperkutsch kenne sangen? Dann huet d'ACEL déi perfekt Publikatioun fir dech.

Mat engem iwwerschafften Design presentéiert d'ACEL elo déi néitsen Editioun vum Lidderbuch. Am Buch fannt dir eng rëtsch nei Lidder esou wéi iwwerschafften al Texter. Dëst suergt dofir, datt op engem Studentenowend, enger Hochzäit oder engem gemittlechen Owend virum Kamäi jiddereen textsécher duerch den Dag kennt.

Nieft dem Buch gëtt et dann och eng App fir däi Smartphone. Nieft den iPhone Besëtzer huet een dann och d'Méiglechkeet d'Lidderbuch op Android erofzelueden. De Virdeel vun der App ass, datt hei nach eng Rei méi Lidder dra si wéi am Buch. Dat bescht un der ganzer Saach ass dann awer, datt déi online Versioun gratis am Play- souwéi App Store ze downloaden ass.

D'ACEL wënscht jidderengem vill Spaass mat der neier Editioun vum Lidderbuch.

Online- a PDF-Versioun

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.