Blog

27.10.2017 14:40

Taxe d'Habitation

Du studéiers a Frankräich? Da kriss de Enn November d’Taxe d’habitation geschéckt.

Wanns du als Student kee Revenue hues kanns du eng Demande gracieuse maache fir dech zum Deel vun dëser Taxe befreien ze loossen. Eng ganz Befreiung ass fir Studente laut dem franséische Gesetz net virgesinn.

Wéini kréien ech dei taxe d’habitation ?

Du muss fir den 1. Januar schon an denger Wunneng gewunnt hun fir dann am November d’Taxe ze kréien. Beispill: Du kanns nëmmen eng taxe am November 2017 kréien wanns du am Januar 2017 och an deier Wunneng gewunnt hues. 
Opgepasst: oft kennt se reicht no 3 Joer mee dann direkt 2 beieneen.


Op wat muss ech oppassen ?

Du muss den Delai respektéieren, fir de Montant vu senger Taxe ze kontestéieren huet een Zäit bis den 31. Dezember vum folgende Kalenner Joer.

Wou muss ech meng deelweis Befreiung ufroen ?
Op de Centre des Finances Publiques dee fir deng Taxe zoustänneg ass ( steet um avis d’impôts drop)


Wat muss ech aschécken ?
Du muss eng Demande gracieuse maachen, déi néideg Virlag fënns de hei am [Word] Document.

Kréien ech dës Réduction secher ?

Nee, leider kënne ma net garantéiren, datt dat mat der Demande Gracieuse och klappt. Mir roden awer op alle Fall, déi réduction unzefroen.

Fir all eventuell Stroofzënsen ze vermeiden, roden mir dir un den
kompletten Betrag ze bezuelen, wann d’Réduction dann duerchgeet kriss de déi Suen zeréck.

Bemierkung: Am Moment ass en neie Projet de loi 2018 deposéiert gi fir d’Taxe d’habitation ze reforméieren. Do muss ee lo ofwaarde wat sech verännere wäert.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.