Blog

03.11.2017 10:12

Foire de l'Étudiant 2017

Zesumme mat senge Cerclen invitéiert d'ACEL rëm op di traditionell Foire de l'Etudiant den 9. an 10. November an der Luxexpo um Kierchbierg.

Foto: © Ministère de l'Enseignement Supérieur et de la Recherche

Et ass dëst Joer déi 31. Editioun an zesumme mat 36 Memberscerclë wäert d'ACEL iwwert déi 2 Deeg präsent si fir Schüler iwwert hier éischt Schrëtt an d'Studenteliewen ze informéieren. Sief et d'Sich nom richtege Studium oder der richteger Stad, oder och scho méi spezifesch Froen zu Demarchë bei deenen eenzelen Unien, op der Foire de l'Etudiant kann een dës Informatiounen aus éischter Hand kréien.

Nieft de Cerclë sinn och vill Unien an aner Héichschoule vu ronderëm dem Globus op der Foire an informéieren iwwert hiert Studienangebot.

Natierlech ass och d'ACEL mat engem Stand vertrueden op deem een nieft eise Publikatiounen, dem "Guide du Futur Étudiant" an dem "Guide du Futur Diplômé" och Informatiounen zu eisem Projet "Student fir 1 Dag" kritt, mat deem mir all Joers an der Ouschtervakanz verschidden Unisstied besichen.

Plang Foire de l'Etudiant Cerclen an ACEL
PDF Plang Cerclen + ACEL

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.