Reform Stagëgesetz

29.11.2017 15:00

Reform Stagëgesetz

No éischte Gespréicher am Summer an op der REEL2017 huet d’ACEL sech de Méinden de Moien op e Néits mam Minister Nicolas Schmit zesummegesat fir zesummen iwwert eng Reform am Stagëgesetz zu Lëtzebuerg ze diskutéieren.
No konstruktive Gespréicher konnt en Accord fonnt ginn, deen et an Zukunft souwuel de Patronen, wéi och de Studente wäert méi einfach maachen, Stagen zu Lëtzebuerg ze maachen.
Dës Adaptatioune wäerten am Laf vum nächste Joer presentéiert ginn a sollen nach an dëser Legislaturperiod kënnen a Kraaft trieden.
D’ACEL freet sech, d’Interête vun de Studente konnten ze vertrieden an zesumme mat den zoustännegen Autoritéiten en Accord fonnt kënnen ze hunn.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.