Tournoi de Noël 2017

16.11.2017 18:10

Tournoi de Noël 2017

An der Chrëschtvakanz ass et erëm esou wäit an d'Lëtzebuerger Studente kommen all nees zeréck op Lëtzebuerg. Dofir nëtzt d'ACEL dëst Geleeënheet fir nees de Tournoi de Noël a Zesummenaarbecht mat der LASEL um Campus Geesseknäppchen z'organiséieren.

Während 2 Deeg trieden déi verschidde Studentecerclë géinteneen an de Sportaarte Basketball, Volleyball a Fussball an et gëtt och gesuergt fir dass esouwuel d’Spiller ewéi och d’Supporteren net duuschtereg a hongereg Heem ginn.

Lass geet et de 27. Dezember mam Basket a Volleyball deen an de verschidden Hale vum Campus Geesseknäppchen stattfannen. Den Dag drop, de 28. Dezember gëtt da Fussball gespillt. Owes no de Matcher gi wéi gewinnt d'Resultater direkt matgedeelt.

Mir géingen eis iwwert all Presence feeën an hoffen dass jiddereen nees 2 flott Deeg verbrénge kann.
Link zum Facebook Event

27.Dezember
Spillplang Volleyball
Spillplang Basket

28.Dezember
Spillplang Fussball

Plang vum Campus

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.