Blog

21.12.2017 10:30

Assemblée Générale

De 26. Dezember luet d'ACEL seng Memberen nees op hier traditionell Assemblée Générale an.

De 26. Dezember luet d'ACEL seng Memberen nees op hier traditionellen Assemblée Générale an. Des fënnt um Campus vun der Uni.Lu um Belval am Sall 3.530 statt a fänkt um 15:30 un.

Um Programm vun der Assemblée Générale steet de Réckbléck op d'Joer 2017. Dobäi maachen déi dräi Pilieren ee klengen Abléck iwwer déi erreechten Zieler. D'Représentatioun ass ganz houfreg op säi gratis ëffentlech Transport fir Studenten de säit dem 1. August agefouert gouf. Awer och iwwer d'Reform vum Stagegesetzt déi mam Minister Nicolas Schmit iwerschafft gouf a matschaffen un der Rifikin Etude. De Pilier Informatioun stellt seng positiv Zuele vum Student fir 1 Dag fir an de Studieninfoe fir an och den neien Opbau vu senge Guiden. Och de Regroupement stellt seng positiv Zuele vum Studentebal fir a méscht een Iwwerbléck iwwer déi verschidden Intercerclen aus dem Joer 2017. No dem Virtrag vun de Piliere kennt de finanzielle Rapport, d'Virstellung vun neie Memberscerclen an de Réckbléck an Ausbléck op d'REEL 2017 rsp. REEL 2018. Zum Schluss wäert aACEL, nach hire Rapport vum Joer virstellen, befier et zu de Wahle vun engem neie Comité kennt.

Wei gewinnt invitéiert d'ACEL zum Schluss vun der AG seng Memberen nach op ee Patt.

Deemno géife mir eis freeën, iech alleguer de 26.12 um Belval kennen ze begréissen.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.