Neijoerschpatt 2018

25.01.2018 11:09

Neijoerschpatt 2018

Donneschdes den 18 Januar wa déi éischt Editioun vum Neijoerschpatt vun der ACEL. Dëst Event ass organiséiert gi mam Ziel fir allen Firmen, Leit, Cerclen a Ministere mat deenen d´ACEL iwwer dat ganzt Joer zesummegeschafft huet Merci ze soen.

Als Invitéë vun der Regierungssäit waren de Premierminister Xavier Bettel, den Aarbechtsminister Nicolas Schmit an den Héichschoulminister Marc Hansen op de Belval an d´Raimlechkeete vun der Uni Lëtzebuerg komm.

Nieft enger Ried vum Xavier Bettel haten dann och den neien Uni.lu Direkter Stéphane Pallage an de President vun der ACEL, Pol Lutgen, Méiglechkeet sech un di sellege Leit ze wenden di de Wee bis op de Belval fonnt hunn.

Mat dem onerwaart groussen Erfolleg wäert et net bei der leschter Editioun bleiwe wou d´ACEL op hiren Neijoerschpatt aluede wäert.

Fotoen: © Luka Photographs


Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.