Di eischt Intercerclen 2018

22.03.2018 23:36

Di eischt Intercerclen 2018

Lo ass schonn en véierels vun eisem Joer vergaangen, an d’Cerclen hunn och schonn di eng oder aner Intercercle organiséiert, fir hier Kollegen aus aneren Unisstied anzelueden an zesummen ze feieren. Hei ass eng kleng Iwwersiicht vun den eischten Intercerclen am Joer 2018.

Rees ob Prag (ALUS)

Stroosbuerg

D’Intercerclesjoer huet d’ALUS, de Cercle vu Stroossbuerg, ugefaangen. Dat besonnescht un hirer Intercercle war, dass si de Leit net hier Staat gewisen hunn, mee mat hinnen de verlängerte Weekend vum 23. bis 26. Februar ob Prag gefuer sinn. No enger laanger Rees hunn si de Leit d’tschechesch Haaptstad mat all hire Sehenswierdegkeete gewisen, vun der Buerg, déi iwwert der Staat trount, iwwert den Alstaatkäer bis hin zu de ville Brécken, déi iwwer d’Moldau fléissen. Natierlech ass d’gutt Iessen a Feieren net ze kuerz komm, wat bei de ville Méiglechkeeten an dëser Staat ofwiesslungsräich war an de Leit Loscht ob méi gemaach huet.

'Place to Beer' (Lestlé)

Leck

Gläichzäiteg zu de Stroossbuerger huet de LESTLÉ di éischt offiziell Intercercle zu Léck ofgehalenen. Um ‚Place to Beer‘ stoung de Béier am Mëttelpunkt. Freides owes huet et mat enger Rallye duerch de Cafévéierel vu Léck ugefaangen, wou d’Participanten duerch Spiller a Rätselen d’Sehenswierdegkeete vu Léck entdecken an och deen een oder anere bekannte Café besiche missten. No enger kuerzer Nuecht huet samschdes en Brunch mat Lécker Spezialitéiten op d’Leit gewaart, ier et dann ob eng Visitt vum Klouschter Val-Dieu mat der dozougehéierender Brauerei gaangen ass. Mat enger klenger Béierdegustatioun huet dann di ganz Intercercle zu engem Enn fonnt.

Après-Ski-Party (Friblëtz)

Fribourg

Eng Woch drop huet dann de Friblëtz d’Leit an dat beschaulecht Fribourg geruff, fir mat hinnen en klasseschen Après-Ski-Owend ze verbréngen. Am Studentenzentrum vun der Uni huet de Comité alles dekoréiert a preparéiert, ier di éischt Gäscht ob d’Happy Hour komm sinn an d’Stëmmung sou lues gestiegen ass. Passend zum Thema hunn Leit mat Skiausrüstung extra Gedrénks krut, fir d’Motivatioun, sech ze verkleeden, ze erheichen. Nodeem et dobaussen däischter ginn ass, huet en eegenen DJ opgeluecht an d’Leit bis Mëtternuecht zum Danzen animéiert.

Mam Fréijoersufank wäerten och méi a méi Intercerclë stattfannen, wat een dann am nächste Blogpost ze liese kritt.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.