Iwwerreechung vun den Don'en vum Tournoi de Noël

29.03.2018 10:42

Iwwerreechung vun den Don'en vum Tournoi de Noël

Nodeems den Decompte vum Tournoi de Noël 2017 gemaach gouf, konnten mir den Benefice un den Projet Hariko an un d'Fondatioun "Maison de la porte ouverte" spenden.

Den Tournoi de Noël 2017 war nees een groussen Succès. Niewent spannenden Matcher, gudder Stëmmung an vill Spaass, konnten mir dëst Joer nach eng Schëpp op den Benefice dropleeën. Am ganzen konnten mir en Gewënn vun 5639,50€ maachen. Dat sinn bal 200€ méi wei am Joer 2016. Dësen Gewënn hunn mir op zwee Projeten verdeelt, déi mir ënnerstëtzen wëllen.

Den éischten Projet ass, schonn ewéi d'lescht Joer, den Projekt Hariko, deen Jonker vun 12-26 Joer richteg encadréiert an hinnen d'Méiglechkeet gëtt hier artistesch Talenter an Interessen ze fërderen.

Den zweeten Deel geet dëst Joer un Fondatioun "Maison de la porte ouverte". Hei ginn d'Suen fir "mineurs non accompagnés", déi vun der FMPO betreit ginn, gebraucht. Eis ass et wichteg, dass den Gewënn fir jonk Leit geholl gëtt an freeën eis ëmmer erëm, wann eis Spend sënnvoll agesat gëtt.

Dofir soen mir och nach eemol all den Leit, déi um Tournoi waren een groussen Merci, dass si eis, an domat béid Projeten, sou gutt ënnerstëtzt hunn.

Mir hoffen natierlech, dass mir am Joer 2018 nach méi en groussen Montant fir den gudden Zweck spenden kennen.

img-0810-1.jpg

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.