Student fir 1 Dag 2018

18.04.2018 13:45

Student fir 1 Dag 2018

Dës Editioun vum jäerlechen Student fir 1 Dag war mat ganzen 345 Umellungen déi erfollegräichsten bis ewell.

Iwwer 9 Deeg verstreet ass d'ACEL zesumme mat Lycéesschüler 14 verschidde Studentestied bei hier Cercle besiche gaang, fir hinnen d'Unisliewen méi no ze bréngen, an hinnen e Virgeschmaach op hier akademesch Zukunft ze ginn.

Déi zesumme mat Voyages Emile Weber organiséiert Busreesen waren dëst Joer besonneg gutt besicht. Ganzer 345 Schüler konnten sech an hierer Ouschtervakanz een Abléck an d'Studenteliewen maachen.

Mir soë villmools merci un all d'Schüler, d'Cerclen a Fräiwëlleger, déi um Student fir 1 Dag 2018 dobäi waren.

Och e grousse merci un de Max Jacobs vum LSK (Kaiserslautern), deen dëse flotte Video vum Student fir 1 Dag zu Kaiserlautern gemaach huet.

screen-shot-2018-04-20-at-13-13-49.png

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.