Belsch Equivalenz

04.05.2018 16:36

Belsch Equivalenz

Du wëlls an d’Belsch studéiere goen ? Hei en puer wichteg Informatiounen!

Eng Equivalenz vum lëtzebuergeschen Ofschloss Diplom muss een ufroe fir sech kennen an der Belsch unzemellen.

Den 9. an 10. Juli organiséiert den Cedies nees seng « Journées équivalence belge »

  • Wann's de dëst Joer däin Diplom kriss da kanns de däin Dossier den 9. oder 10. Juli mëttes beim Cedies ofginn.

Prozedur: Ab dem 15 Mee tëscht 9h an 16h um Site vun der Fédération Wallonie-Bruxelles en RDV beim Cedies huelen. Du kriss dann eng Confirmatioun's Email geschéckt.

  • Wann's de schonn en Diplom hues da kanns de deng Equivalenz Demande zu Bréissel maachen. Méi Informatiounen: www.equivalences.cfwb.be

Deadline fir eng Demande eranzereechen ass de 15. Juli.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.