D'Fréijoers-Intercerclen 2018

16.05.2018 19:08

D'Fréijoers-Intercerclen 2018

Net nëmmen d’Natur erwëscht am Fréijoer, mee och eis Cerclë gi méi aktiv an organiséieren hier Intercerclen, fir mat de Kollegen aus anere Stied dat bessert Wieder ze begréissen. Am zweete Blogpost vun dësem Joer stelle mer iech déi fir.

Swisscup (AELL)

Lausanne

Fir de Wanterspeck bësse lasszeginn huet de Cercle vu Lausanne, den AELL, den alljärege Swisscup organiséiert. Hei miessen sech di schwäizer Cerclë vu Zürech, Lausanne a Fribourg an den 3 Sportaarte Fussball, Basket a Volleyball, fir de ‚schwäizer Meeschter‘ z‘ermettlen. Nieft de Sportler hunn sech de 17. Mäerz och vill Supporter aus verschiddenen, och net-Schwäizer, Cerclen zesummefonnt, fir Stëmmung ze maachen an hir Favoritten an all Sportaart unzefeieren. No opreiwende Matcher an der Präisiwwerreechung ass et da mat alle Leit nach an e Restaurant gaangen, fir mat enger klassescher Raclette oder Fondue dëse flotten Dag ofzeschléissen.

Route du Vin (ALUS)

Stroossbuerg

Eng Woch no dësem sportlechen Event huet d’ALUS vu Stroossbuerg hier zweet Intercercle vum Joer ofgehalen, d’Route du Vin. Per Bus goufen d’Leit eraus aus der Staat duerch d’Wäibierger gefuer an an den éischte Wäikeller zu Barr bruecht. No enger klenger Féierung duerch d’Kellerei, déi eng laang Geschicht huet, koum et och schonn zur Wäindegustatioun, wou een dono di eng oder aner Fläsch kafe konnt. Weider ass et da Richtung Kaysersberg gaangen, wou de Leit e gutt Iessen opgedëscht gouf an dono eng Stonn Fräizäit an dësem lieblechen Dierfchen ugesot war. Di zweete Wäindegustatioun huet dann zu Vœgtlinshoffen stattfonnt, wou een am fuschneie Gebai vun der Maison Cattin ob der Daachterrassen di leschte Sonnestrale genéisse konnt, ier et erëm zréck ob Stroossbuerg gaangen ass.

Ugly Skiing Day (LSI)

Innsbruck

De Weekend vum 6. – 8. Abrëll hunn dann d’Leit vun Innsbruck ob hire ‚Ugly Skiing Day‘ agelueden. Freides owes sinn d‘Leit no engem gesellegen Nomëtten ob enger Terrassen an e Restaurant gaangen, fir sech mat leckerem Iessen de Bauch vollzeschloen an sech ob den nächsten Dag virzebereeden. Samschdegmoies goufen d’Leit mat zwee vum LSI organiséierten Busser bis ob de Bierg gefouert, wou bei beschtem Kaiserwieder eng riseg Bad-Taste-Party stattfonnt huet. Mat Ski, Snowboard oder anere Fortbeweegungsmëttele wéi Béierbänke sinn d’Leit de Bierg erop- a erofgefuer an hunn ob Partymusek gedanzt a gefeiert bis spéit an d’Nuecht. Nodeems et um Bierg ze kill ginn ass, ass et dann no engem Kleederwiessel an der Alstad virugaangen. Sonndes war dann e relaxe Metten um Inn ugesot, wou een, mat Gedrénks a Snacks versuergt, d’Erliefnisser vum Weekend Revue passéiere loosse konnt an di eng oder aner nei Frëndschaft wieder verdéiwe konnt.

Mainhattan (LSRM)

Frankfurt

Den 19. an 20. Abrëll huet de LSRM, de Cercle aus dem Rhein-Main-Gebitt, d’Leit an hier gréisste Staat Frankfurt agelueden, fir déi mat hinnen ze entdecken. Ugefaangen huet den Dag mat enger Visitt vum Maintower, dem zweethéchste Gebai, an der herrlecher Vue iwwert di ganz Staat. Virugaangen ass et mat engem Grillnomëtte beim Main, wou nieft dem Iessen och d’Party net ze kuerz komm ass, an d’Leit sech bei beschtem Wieder konnten ameséieren an austauschen. Géint der Owend ass den Trupp dann ob eng Rees duerch d’Partyvéierel gestart, wou all Mënsch ob seng Käschte komm ass, ob elo Musek- oder Gedrénkstechnesch. No enger, mol méi, mol manner, kuerzer Nuecht stoung da Freides en gudde Brunch um Programm, ier d’Leit aus de ville verschiddene Cerclen erëm an hir Studentestied gefuer sinn.

BBQ Balélec (AELL)

Lausanne2

Wei och d’ALUS huet de Cercle vu Lausanne, d’AELL, och schonn en zweeten Intercercle organiséiert, hire ‚BBQ Balélec‘. De Balélec ass en Open-Air-Festival mat haaptsächlech elektronescher Musek, dee vu Studenten um Unicampus organiséiert gëtt. Ier sech d’Leit dann ob de Wee fir ob dëse Festival maachen, reservéiert de Cercle ëmmer puer Griller beim Séi um Campus a grillt mat de Visiteuren, esou och dëst Joer. Natierlech ass och fir Verfleegung an Amusement gesuergt ginn, sou huet keen ze schnell musse verschwannen, well en den Duuscht oder Honger net méi ausgehalen huet. An och fir d’Leit, deenen dëse Festival net sou zougesot huet, war den Owend nom Iessen net fäerdeg, well de Comité dat ageplangt huet a beim Séi weiderhi mat hirer Musek an hirem Gedrénks gefeiert huet.

Mam Summer hunn och ëmmer méi Cerclë Vakanz, dofir sinn d’Intercerclen elo erëm manner vertrueden, mee déi, déi kommen, si mat di gréissten, dofir verpasst och net den nächste Blogpost.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.