ACEL meets Cercles 2018

04.06.2018 18:07

ACEL meets Cercles 2018

Den 2. Juni huet nees d'Event ACEL Meets Cercles (AMC) stattfonnt

Um Samschden, 2. Juni, huet d'ACEL hiren alljäerlech ACEL Meets Cercles (AMC) organiséiert. Esou hunn sech um Campus Belval vun der Uni.lu, d'ACEL a seng Cercle zesummegesat fir iwwert di aktuell Themen, un deenen d'ACEL grad schafft, ze schwätzen. Och de Cercle gouf d'Méiglechkeet gebueden, hirersäits Themen anzebréngen an driwwer ze diskutéieren.
 

Folgend Themen goufen ugeschwat:

  • Nei Adress vun der ACEL
  • Nei Subsiden
  • Nei Intercercles Umeldung
  • DSVGO an d'Auswierkungen ob d'Cerclen
  • Foire de l'Etudiant 2018
  • GIS
  • d'Stagegesetz
  • Studenteninformatioun fir CMC a Cerclen
  • ACEL Info op Cercles AG
  • D'ACEL - Wee mir sinn & Wat mir machen

Dëst Event ass vu grousser Bedeitung, well d'ACEL esou am permanenten Austausch mat senge Membercerclë steet an doduercher och de Studenten hier Rechter an Interesse vertriede kann.

Merci un jiddereen deen deelgeholl huet.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.