D'Summer-Intercerclen 2018 - Deel 1

29.06.2018 19:26

D'Summer-Intercerclen 2018 - Deel 1

Wéi am leschtem Blogpost ugekënnegt, presentéiere mer iech am éischten Deel zwee vun de gréissten Intercerclen, déi all Joers am spéide Fréijoer an Summer stattfannen.

Saufest (LSW)

Wien

Di eng Léit fueren iwwer Péngschten ob Lëtzebuerg, fir dës Feierdeeg mat hirer Famill ze verbréngen, di aner komme léiwer der Aluedung vun hire Wiener Kollege vum LSW no a feieren zesummen um Saufest.

Gestart ass des traditionell Intercercle Freides Owes am Café Morgans, wou no hiren deelweis laangen Ureesen d'Leit bëssen entspanen a mat deem engem oder anerem Patt de Weekend ufänke konnten. Di ganz Motivéiert sinn dann nach virugaangen, di meescht sinn awer frei schlofe gaangen, fir fir d'Haaptevenement den Dag drop fit ze sinn.
Well Samschdes Mëttes ass dat komm, wat der Intercercle hire Numm gëtt: zwou gebrode Sai goufe virun den Ae vun de Leit opgeschnidden an un si verdeelt. Nodeems déi da giess war, huet sech d'Grillplaz un der Donau ëmmer méi mat Leit gefëllt, déi da matenee geschwat, Spiller gespillt, gegrillt a gefeiert hunn. Trotz dem net ganz waarme Wieder, ware puer Couragéiert mat Schwammbox oder Bikini ausgestatt an hunn en Tour an der Donau gedréint, ier et dann no Mëtternuecht entweder Richtung Bars a Clubs oder Heem gaangen ass.
Sonndes war dann de gemittlechen Deel vum Weekend ugesot, wou d'Comitésmembere puer Gäscht d'Schlass Schönbrunn an de Schlassgaart gewisen hunn. Als gudden Ofschloss gouf et dann owes en Wiener Schnitzel bzw. di vegetaresch Optioun an der Stiegl Ambulanz, an d'Leit sinn zefridden erëm heemgefuer.

Fir di ganz Stëmmung och visuell z'erliewen, ass hei hiren Aftermovie vum Weekend:

Beachvolleyball Intercercle (LSK)

Kaiserslautern

De 14. Juni stoung dann di nächst grouss Intercercle un, an zwar hunn d'Studente vu Kaiserslautern hire grousse Beachvolleyball Tournoi opgezunn. 27 Equippen aus 12 Cerclen hunn sech e ganzen Nomëtte laang héich spannend Partië geliwwert, fir géint der Owend de Gewënner erauszefannen. Nieft dem sportlechen Deel ass natierlech och weder d'Iessen nach d'Gedrénks ze kuerz komm, an sou konnt all Spiller a Supporter ënnert bloem Himmel alles ginn, fir hir Equippen unzefeieren oder zum Gewënn ze féieren. Schlussendlech war de Podium dann an däitscher Hand: Als Drëtten huet sech d'Heemequippe vu Kaiserslautern erausgestallt, als Zweeten an d'Ziel sinn d'Spiller vu Freiburg komm. An als Gesamtgewënner duerf dëst Joer de Cercle vun Treier de Pokal vun dësem Tournoi mathuelen.
No engem ustrengenden Dag goufen dann alleguer d'Teilnehmer ob di gelounte Grillhütt gefouert, wou dann d'Versuergung mat Gegrilltem a Gedrénks nahtlos virugaangen ass an d'Party bis spéit an d'Nuecht gedauert huet. Fir dass kee misst nach mat Muskelkater heemfueren, konnt jiddereen an der Hütt schlofen, ier et den Dag drop no engem klenge Moiesiessen erëm an di jeeweileg Unisstad gaangen ass.

Fir nach e besseren Abléck ze kréien, hei den Aftermovie vun dësem Joer:

Nieft dësen zwou Intercerclë waren nach puer anerer, déi vum gudde Wieder am Fréijoer a Summer profitéiert hunn, an déi ginn iech am zweeten Deel vun dësem Blogpost virgestallt.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.