CVEC - Umeldungsschrëtt fir a Frankräich

26.07.2018 14:25

CVEC - Umeldungsschrëtt fir a Frankräich

Nei fir d' Rentrée 2018 a Frankräich ass elo, datt all Student d'Contribution Vie Etudiante et Campus (CVEC) bezuele muss ier en sech op senger Uni umellt.

Fir sech a Frankräich op der Uni unzemellen, muss ee neierdéngs en obligatoresche Schrëtt virun der Umeldung selwer op der Uni maachen. Dësen ass den CVEC oder Contribution de Vie Etudiante et de Campus.

Dës Formalitéit kascht fir jiddereen 90 Euro an muss virun der administrativer Umeldung op der Uni gemaach ginn.

Wien ass alles dovunner betraff?

All Student dee sech fir en Studium op der Uni oder Héichschoul umelle wëllt.

Ginn et Ausnamen?

  • Boursiers vum CROUS
  • Boursiers vum franséische Staat
  • Studenten am BTS, DMA, Formations comptables
  • Erasmus Studenten
  • Flüchtlingsstudenten

Weider Informatiounen fann dir um Site vun der CVEC.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.