D'Summer-Intercerclen 2018 - Deel 2

26.07.2018 00:00

D'Summer-Intercerclen 2018 - Deel 2

Wei schonn ugekënnegt kennt hei den zweeten, aussergewéinlech sportlechen Deel vun eise Fréijoer/Summer-Intercerclen.

Bonnympiade (Alesontia)

Bonn

Als flotte Start an de Juni hunn d'Studente vu Bonn hir Bonnympiade organiséiert. Wei de Numm et schonn undeit mussen sech d'Participanten an de verschiddensten Disziplinne beweisen, fir als Gewënner ervirzetrieden, mee hei ass net nëmme sportlecht Kënne gefrot, och d'Wëssen duerft net vernoléissegt ginn. Well nodeem d'Leit ob der gelounte Grillhütt eng gutt Mëttespaus haten an sech mat Gegrills a Gedrénks konnte virbereeden, ass et fir di 4 Equippen och schonn an d'Virronn gaangen. Do goufen an den Disziplinne Leedergolf, Memory, Knobeleien an Allgemengwëssen di éischt Placéierunge verdeelt. An den Halleffinallen hunn sech d'Spiller an enger Muggel-Versioun vu Quidditch versicht, fir dann de Gesamtgewënner an enger Partie Giant Beerpong z'ermëttelen. Midd vun all deene Strapaze gouf nach eemol de Grill ugeschmass an de Frigo eidel gemaach, ier et entweder virun an d'Nuetszeen vu Bonn oder heem an d'Bett gaangen ass.


Soccergolf (SLUF)

Freiburg

De Weekend drop waren et dann d'Studente vu Freiburg, déi hier Kollegen an hir Staat agelueden hunn, fir mat hinnen Soccergolf ze spillen. Ugefaangen huet et den 8. Juni awer ganz gemittlech: nodeems di extern Leit vun hire Studiestiedt ukomm sinn, ass et direkt virun an de Restaurant gaangen, wou zwee Spanfierkel zerwéiert goufen. Als jidderee gutt gesiedegt war, sinn d'Leit an d'Staat gaangen, fir d'Caféen, Baren a Clubs onsécher ze maachen. Den Dag drop sinn dann all d'Leit bëssen ausserhalb ob de Soccergolfterrain gefuer. Wei beim normale Golf ginn et 18 Lächer, déi ee mat sou wéineg Schëss muss treffen, mee hei sinn d'Bäll bësse méi grouss an d'Schleier goufen ersat duerch d'Been. Fir dass keen ze laang misst ob säin Tour waarden, goufe puer Equippe gebilt, déi dann ënnerteneen hiert fussballerescht Kënne konnte weisen. Bei beschtem Summerwieder huet jiddereen en lëschtegen Nomëtten erlieft, an nodeem de leschte Ball agelacht gouf, krut nach jiddereen e puer Bréidercher zerwéiert, ier et fir d'Leit erëm ob den Heemwee gaangen ass.


Beachcup '18 (ANESEC/ANELD)

beachcup-2018-175.jpg

De 24. Juni hunn di fachspezifesch Cerclë vun den Ekonomisten an de Juristen, d'ANESEC an d'ANELD, e weidere Beachvolleyballturnéier, den Beachcup organiséiert. 12 Equippen hunn de Wee ob Lëntgen fonnt, wou ob 3 Beachvolleyballterrainen a ville Partien de Gesamtgewënner ermëttelt gouf. Do dernieft konnt een awer och bei beschtem Wieder gutt Musek genéissen an sech mat Gedrénks an Iessen an d'Sonn setzen.


Summercup (ALUS)

Stroossbuerg

Als Schlusspunkt vum Juni hunn d'Studente vun Stroossbuerg den traditionellen Summercup ofgehalen. Dat Besonnescht un dëser Intercercle ass, dass de Gewënner vum Virjoer ëmmer d'Recht huet, de Summercup z'organiséieren. Den 30. Juni hunn 7 Equippen de Wee bis ob Hueschtert fonnt, fir um Terrain vum FC US Hostert de Fussballstournoi duerchzefeieren. Moies huet d'Virronn stattfonnt, déi da vun enger gudder Mëttespaus mat vill Gegrills ofgeschloss gouf. Am Nomëtten ass et da mat der K.O.-Phase am Fussball virugaangen, ausserdeem huet och de Beerpongtournoi ugefaangen, wou sech 18 Equippen duelléiert hunn. Beim Fussball sinn d'Spiller vum AVL (Oochen) als Gewënner vum Terrain gaangen, nodeem se sech am 7-Meter-Schéisse géint de LSC (Köln) duerchgesat hunn, a beim Beerpong huet sech en 'Heemteam' vun 2 Stroossbuerger konnten duerchsetzen. Well zu deem Zäitpunkt och d'Aachtelsfinall vun der FIFA-WM stattfonnt huet, goufe puer Fernseher organiséiert an zesummen de Match Frankräich - Argentinien gekuckt. Als och dee fäerdeg war, a jidderee genuch z'Iessen an ze Drénke krut, gouf alles geraumt a gebotzt, fir dass de Fussballveräin näischt ze bemängelen hat.


Vëlosheemrees Karlsruhe - Lëtzebuerg (AELK)

Karlsruhe

Fir d'Karlsruher Studenten ass d'Vëlosheemrees ob Lëtzebuerg eng laang Traditioun, déi virun 32 Joer hier Gebuertsstonn hat. Ufanks war et just vir hire Cercle, mee säit puer Joer sinn och extern Leit häerzlech wëllkomm. Ziel vun dëser Intercercle ass et, innerhalb vun 12 Stonnen di 230 km tëscht Karlsruhe a Lëtzebuerg ze packen a mat Hëllef vu Marrainen a Parrainen eng grouss Zomme fir e gudden Zweck ze sammelen. Jidderee vun de schlussendlech 12 Coureuren huet sech Leit gesicht, déi fir all gefuerene Kilometer en selwer gewielte Geldbetrag spenden. Gestart hunn di motivéiert Studente moies um 4 Auer moies mat enger gudder Portioun Spaghetti, ier et da lassgaangen ass mam Vëlofueren. No wiesselhaftem Wieder sinn d'Fuerer, ënnerstëtzt duerch puer Comitésmemberen a Camionnettë mat Verfleegung, géint der Mëtten zu Saarbrécken ukomm, wou se vum LSS, dem Cercle vu Saarbrécken, häerzlech empfaange goufen. Déi haten de Leit gekacht an hinnen eng lëschteg Paus erméiglecht, ier et viru gaangen ass mat der Rees. Um 17 Auer sinn dann d'Coureuren, ob de leschte Kilometer a Begleedung vun enger Policeeskort, zu Märel ukomm, wou se och erëm frëndlech empfaange goufen an hier wuelverdéngten Applaus kruten.

Schlussendlech sinn duerch dës Intercercle vum AELK iwwer 3500€ zesumme komm, déi integral un d'Trauerwee a.s.b.l. ginn, eng Associatioun, déi Kanner a Jugendleche mam Doud vun enger nostoender Persoun hëlleft ëmzegoen.

No all deene sportlechen Aktivitéite kennt elo di relax Summervakanz, mee fir dat neit akademescht Joer wäerten erëm puer Intercerclë kommen, déi mer natierlech hei wäerte publizéieren.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.