Dat war de Studentebal 2018

19.07.2018 13:19

Dat war de Studentebal 2018

Et ass gepackt! No 5 intensiven Deeg mam Op- an Ofbau vum ganze Site an natierlech mam Bal selwer ass och di 18. Editioun vum Studentebal eriwwer. Ronn 3900 Leit hunn dëst Joer de Wee ob d’Wiss nieft dem P&R Bouillon fonnt a mat eis, souwéi eisen 31 Cerclen en onvergiesslechen Owend erlieft.

De ganzen Op- an Ofbau zesumme mat eise Cercle ass dëst Joer ouni Problem iwwert d'Bühn gaangen. Nodeems mir d’Anlag fir d'Musek ewéi och déi ganz Beliichtung mat Hëllef vu Codex opgeriicht haten, si mir séier viru komm a konnten zimlech schnell bei d’Comptoiren an de Recht vum Site kommen. An e Bal ouni Gedrénks, Zapanlagen a Frigoen ass natierlech onvirstellbar, dohier si mer frou, dass mer eis Comptoire mat Wäin a Schampes vu Bernard-Massard opfëlle konnten an eis Munhowen d'Material an de Rescht vum Gedrénks zur Verfügung gestallt huet, sou ass och kee mat dréchenem Hals heem gaangen. A wann engem um Bal d'Suen ausgaange sinn, war dat och kee Beebroch, well mer vun eisem Haaptsponsor, der Spuerkeess, en Bancomat ob de Site gestallt kruten.

Mee ouni d’Hëllef vu genau dëse Cerclen an hire Membere wier sou en grousse Bal nimools machbar, dofir wëlle mir hinnen alleguer heimat en decken MERCI ausdrécken. Ausserdeem wëlle mer dem Pero Diamond an dem Flex Diamond fir di genial Stëmmung wärend dem ganzen Owend Merci soen an natierlech geet och e Merci un all d’Visiteuren eraus, déi de Bal sou erfollegräich gemaach hunn.

Mir hoffen, dass de Bal jidderengem sou gutt gefall huet wéi eis an dass mer eis d'nächst Joer fir di 19. Editioun vum Studentebal erëmgesinn.


Aftermovie 2018


Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.