ACEL-aACEL Iessen

08.09.2018 15:15

ACEL-aACEL Iessen

Leschte Freide ware mir mat der aACEL iessen an hunn eis bei hinnen nach emol fir hir Aarbecht an Hëllef um Studentebal bedankt.

An de leschte Jore gëtt dëst esou lues zu enger Traditioun. Wärend der Schueberfouerzäit nëtzt d'ACEL Geleeënheet fir zesumme mat der aACEL, d'Amicale vun der ACEL, iessen ze goen an och en Tour iwwer d'Fouer ze maachen. Op deem Owend gëtt et net nëmmen en Echange vu Feedback vum Studentebal gemaach, mee mir bedanken eis och nach emol bei eiser Amicale fir déi Hëllef déi si eis ëmmer erëm bréngen an och ëmmer hannert eis stinn fir eis z'ënnerstëtzen.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.