Foire vun der Jugendaarbecht

17.10.2018 09:25

Foire vun der Jugendaarbecht

Studenten informéieren ass eng vun de Haaptmissioune vun der ACEL an dofir ware mir op dëser Foire.

Dënschdes, den 16.10, ware mir op der éischter Editioun vun der “Foire vun der Jugendaarbecht” vum Service National de la Jeunesse am Forum Geesseknäppchen. Niewent enger Presentatioun iwwert eis Associatioun an eis Projeten, hate mir och ee Stand wou jiddereen häerzlech Wëllkomm war fir Froen iwwer eis Associatioun ze stellen. Mir konnte ville Jugendhaiser an aneren Ariichtunge fir Kanner a Jugendlecher Infomaterial mat ginn, respektiv hunn och selwer vill nei Associatioune kennegeléiert. Dës war déi éischte Kéier, dass mir keng direkt Studieninformatioun fir Schüler gemaach hunn, mee fir Leit déi a Kontakt mat Schüler a Studente sinn. Et war eng flott Erfarung a mir freeën eis elo schonn op d’nächst Joer.

Falls dir drun interesséiert sidd, datt mir an äre Lycée oder op är Veranstaltung kommen, kennt dir Iech bei eis gären iwwert eise Kontaktformular mellen.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.