Nei Editioun vun de Guiden

19.10.2018 11:29

Nei Editioun vun de Guiden

Ab elo kriss du déi néi Editioun vum "Guide du Futur Etudiant" a "Guide du Futur Diplômé"!

Guide du Futur Etudiant
Du stees um Enn vun denger Schoulcarrière an hues Froen iwwert deng zukünfteg Studien? Da kann de „Guide du Futur Etudiant“ dir weiderhëllefen!
Am Guide du Futur Etudiant informéieren dech dëst Joer 45 Cerclen doriwwer wat‘s du op wei enger Universitéit studéiere kanns, bis wéini a wei’s du dech aschreiwe muss, wei’s du am beschten eng Wunneng fënns a wei eng Evenementer de Cercle organiséiert. Niewent den Informatioune vun deene verschiddene Stied a Cerclen, fënns du am Guide du Futur Etudiant awer och Informatioune bezüglech dem BTS-Studium zu Lëtzebuerg oder der Studienbeihellef vum CEDIES.
De PDF vum Guide du Futur Etudiant ass HEI disponibel.


Guide du Futur Diplômé
Du hues däi Premières- oder Unisdiplom an der Täsch a wëlls elo gäre schaffe goen? Dann informéiert dech am Guide du Futur Diplômé iwwert däi bevirstoend Beruffsliewen. De Guide du Futur Diplômé ass eng Broschür déi d’ACEL all Joer erausbréngt fir dir de Wee an däi Beruff ze vereinfachen. Hei fënns ënner anerem Informatiounen doriwwer wie‘s du am beschten eng Aarbecht sichs, wei deng Kandidatur ausgesi sollt, awer och wei e Virstellungsgespréich ofleeft. Du kanns dech ausserdeem iwwert de Salaire, d‘Pensioun, d‘Stéieren oder de Congé informéieren. Och wann’s du dech wëlls selbstänneg maachen oder Chercheur wëlls ginn, kann de Guide dir weiderhëllefen.
De PDF vum Guide du Futur Diplômé ass HEI disponibel.


Déi zwee Guidë kriss du awer och a Pabeierform op eisem Stand op der Foire de l'Etudiant, op eise Studieninfoen an de verschiddene Lycéeën, an all Spuerkeessagence, beim CEPAS, beim CEDIES, beim Centre Information Jeunes an an der Nationalbibliotheik.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.