Neie Grafiker gesicht!

12.10.2018 09:14

Neie Grafiker gesicht!

Du bass Student a kenns dech gutt mat Grafik aus? Du wëlls deng Stäerkten an engem flotte Comité ënner Beweis stellen? Du hues Loscht ënner anerem den Design vum ganze Pubmaterial fir de Studentebal auszeschaffen, an hues Kenntnisser am Illustrator an Indesign? Da mell dech bei eis! Mir sichen een neie Grafiker fir an eise Comité!

Wat siche mer?

  • Eng motivéiert Persoun, déi Spaass a Loscht huet fir am Design ze schaffen
  • Gutt Adobe Illustrator an Indesign Kenntnisser
  • Student sinn

Wat bidden mer?

  • Realisatioun vum Pubmaterial fir de Studentebal
        - Ganzt Pubmaterial designen (vu Flyer bis de Béierdeckel)
        - Riseg Visibilitéit duerch d’ganz Land

  • Matschaffen un der Realisatioun vun nei Projeten (nei Gadgeten, nei Publikatiounen  etc.)
  • Realisatioun vu verschidde Grafike fir verschidde Projeten
  • Facebook Posts, Lidderbuch, Calicot etc.

Interesséiert Kandidate kënnen eis gären eng Mail op contact@acel.lu schécken oder eis iwwer Facebook kontaktéieren.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.