Foire de l'Etudiant 2018

01.11.2018 10:22

Foire de l'Etudiant 2018

Zesumme mat senge Cerclen invitéiert d'ACEL erëm op déi traditionell Foire de l'Etudiant den 8. an 9. November an der Luxexpo um Kierchbierg.

Dëst Joer fënnt déi 32. Editioun vun der Foire de l'Etudiant statt an och do wäert d'ACEL zesumme mat 39 vu senge Memberclë present sinn. Iwwert déi 2 Deeg wäerten d'Schüler d'Méiglechkeet hunn fir Informatiounen aus éischter Hand ze kréien. Mir wäerten si iwwert hir éischt Schrëtt an d'Studenteliewen informéieren, sief et d'Sich nom richtege Studium oder der richteger Stad oder soss nach méi spezifesch Froen zu den Demarchen op deenen eenzelen Unien oder Héichschoulen. Dozou kréien si och op eisem Stand eis Publikatiounen, de "Guide du Futur Etudiant" an de "Guide du Futur Diplômé" a weider Flyere relativ zu eisem Projet "Student fir 1 Dag" dee mir iwwert Ouschtervakanz organiséieren.

Op der Foire de l'Etudiant sinn net nëmmen eis Studentencercelë present, mee och eng Rei vun Unien an Héichschoulen aus verschiddene Länner déi iwwert hiert Studienangebot informéieren, an natierlech och eng Partie vu Lëtzebuerger Betriber an Instanzen.

45046257-10157897126380558-564805688530829312-o.jpg

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.