Tournoi de Noël 2018

14.11.2018 12:49

Tournoi de Noël 2018

Well an der Chrëschtvakanz d'Lëtzebuerger Studenten all nees zeréck op Lëtzebuerg kommen, nëtzt d'ACEL dëst Geleeënheet fir nees de Tournoi de Noël a Zesummenaarbecht mat der LASEL um Campus Geesseknäppchen z'organiséieren.

Dës Chrëschtvakanz ass et erëm sou wäit, de Tournoi de Noël fënnt nees statt. Bei dësem sportlecht Evenement trieden déi verschidde Studentecerclë géinteneen an de Sportaarte Basketball, Volleyball a Fussball un an et gëtt och dofir gesuergt, dass esouwuel d’Spiller ewéi och d’Supporteren net duuschtereg oder hongereg Heem ginn.

Lass geet et de 27. Dezember mam Basket a Volleyball déi an de verschidden Hale vum Campus Geesseknäppchen stattfannen. Den Dag drop, de 28. Dezember gëtt da Fussball gespillt. Owes no de Matcher gi wéi gewinnt d'Resultater direkt matgedeelt.

Mir géingen eis iwwert all Presence feeën an hoffen dass jiddereen nees 2 flott Deeg verbrénge kann.

Link zum Facebook Event

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.