Zoom - Déi nei Editioun

07.11.2018 08:10

Zoom - Déi nei Editioun

Déi nei Editioun vum Zoom ass eraus an do bléckt d'ACEL op een interessant Joer zeréck.

An dëser Studentenzeitung bléckt d'ACEL op een interessant Joer zeréck, wou mir eis ënner anerem agesat hunn d’Prozedur fir d’Stagen zu Lëtzebuerg ze erliichteren an do weider mam Aarbechtsministere zesummeschaffen. Doniewend erzielen mir och vun eisen erfollegräiche Projet "Student fir 1 Dag" an eisem traditionellen" De Studentebal" deen dëst Joer nach méi Visiteuren ugezunn huet wéi d'lescht Joer.

Am Zoom informéiere mir Iech awer och iwwert aktuell Themen aus eise Studentecercle. Dëst Joer presentéieren mir Iech enneranerem eis dräi nei Cerclë: LSA, LBS an LSWü a maachen och e Réckbléck op d’REEL.

De Zoom kennt de Mëttwoch, 7. November, als Beilag an all Luxemburger Wort Zeitung, respektiv fënns du en och op eisem Stand op der Foire de l'Etudiant den 8. an 9. November oder hei am PDF Format.

Vill Spaass beim Liesen.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.