Assemblée Générale 2018

10.12.2018 11:22

Assemblée Générale 2018

De 26. Dezember luet d'ACEL seng Memberen nees op hier traditionell Assemblée Générale an.

De 26. Dezember luet d'ACEL seng Memberen nees op hier traditionellen Assemblée Générale an. Des fënnt um Campus vun der Uni.Lu um Belval am Sall 3.530 statt a fänkt um 15:30 un.

Um Programm vun der Assemblée Générale steet de Réckbléck op d'Joer 2018. Dobäi ginn déi dräi Pilieren ee klengen Abléck iwwer déi erreechten Zieler.

D'Représentatioun stellt den aktuelle Stand vum Stagegesetz an vun der GIS fir.
De Pilier Informatioun stellt seng positiv Zuele vum Student fir 1 Dag an de Studieninfoe fir an wéist och den neien Opbau vu senge Guiden. Doniewend zitt de Regroupement säin Fazit vum Studentebal a méscht een Iwwerbléck iwwer déi verschidden Intercerclen aus dem Joer 2018. No dem Virtrag vun de Piliere kennt de finanzielle Rapport an de Réckbléck respektiv Ausbléck op d'REEL 2018 respektiv d'REEL 2019. Zum Schluss wäert aACEL, nach hire Rapport vum Joer virstellen, befier et zu der Wiel vun engem neie Comité kennt.

Wei gewinnt invitéiert d'ACEL seng Memberen no der AG nach op ee Patt.

Deemno géife mir eis freeën, iech alleguer de 26.12 um Belval begréissen ze kennen.


Ordre du Jour

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.