D'Wanter-Intercerclen 2018

15.12.2018 12:00

D'Wanter-Intercerclen 2018

No enger laanger Summerpaus hu sech vill Cerclen vun hirer beschter Säit gewisen an hunn fir den Semesterufank nach eng sëllech Intercerclen organiséiert. An dësem Blogpost wäerte mer iech di lescht Intercerclen vum Joer 2018 presentéieren.

Oktoberfest (LSM)

München

Ugefaangen huet den Intercercleschlussspurt mam gréisste Volleksfest vun der Welt: d'Münchener Studenten hunn hir Kollegen ob d'Oktoberfest agelueden a mat hinne puer flott Deeg zu Münche verbruecht. Als klenge Warm-Up a Kenneléiere vun den anere Participants gouf et Donneschdes, de 4. Oktober, e relaxen Owend am Stammcafé vum LSM. Allze laang ass et net gaangen, well Freides stoung den Haaptpunkt um Programm, a fir dee wollt jidderee fit sinn: d'Oktoberfest am 'Himmel der Bayern'. Vu moies 9 bis owes 11 gouf am Zelt mat de Lëtzebuerger an aneren Natiounen, déi een ob deem Fest ronderëm sech huet, gedanzt a gefeiert. Net jiddereen huet et bis dee Moment ausgehalen an ass scho mi frei gaangen, fir den Owend ob enger anerer Locatioun auskléngen ze loossen oder och direkt heem ze goen.
Samschdes war dann Ausschlofen ugesot, trotzdeem ware vill Leit mat hiren Hosts an der Staat ënnerwee an hunn vum gudde Wieder profitéiert. Ier et géinter Owend am Augustiner Keller zu engem leckeren Owesiesse komm ass, gouf sech nach am Englesche Gaart ob en Apéro getraff, wou een seng nei Bekanntschafte vum Dag virdru verdéiwe konnt. Am Restaurant goufe bei engem Dräi-Gänge-Menü a gudder Stëmmung mat lëschtege Lidder nach di läscht Stonnen zesumme verbruecht. Offiziell war domat des Intercercle zwar fäerdeg, mee en Groussdeel huet sech nach an den noe Club veriert, wou nach eemol vum Münchener Nuetsliewe wärend dem Oktoberfest profitéiert gouf.


L-Ü-XI-Rallye (LST)

Tréier

Eng Woch drop hunn sech d'Leit ob de Wee ob Tréier gemaach, wou den LST ob hiren L-Ü-XI-Nuetsrallye agelueden huet. Mat engem Begréissungsbéier an hirem Stammlokal goufen di 10 Equippen, bestoend aus Lëtzebuerger an och Däitschen, zesummegeruff an hinnen d'Reegele vum Rallye erkläert, ier se no an no ob d'Rees geschéckt goufen, hir éischt Statioun ze fannen. Nieft de Geschécklechkeetsspiller wéi engem komplizéierte Wiedermemory oder dem exotesche 'Mölkky', déi all Equipe ob den eenzele Stänn huet misse bewältegen, ass mat sëlleche Froebéi och d'Wësse vun de Participante getest ginn, bis d'Käpp gedämpt hunn.
No engem laange Marsch duerch di verschiddensten Ecke vun Tréier si géint hallwer 2 och di lescht Leit erëm beim Startpunkt ukomm, wou dann de Fräibéier konnt ufänken. Nodeem d'Punkte vun all Equipe zesummegezielt waren an d'Gewënner hir Kaddoe konnten entgéint huelen, ass d'Partylaun nach méi an d'Luucht geschoss, sou dass bis 5 Auer gefeiert gouf.


Kölle Alaaf (LSC)

Köln

Wéi all Joers ass den 11.11. zu Köln de Startpunkt fir di 5. Joreszäit, de Karneval. An do gëtt et natierlech och kee besseren Dag fir d'Studente vum LSC hir Kölle Alaaf Intercercle z'organiséieren. Fir de Participants en relaxe Virowend ouni Verkleedung ze bidden, goufen dëst Joer puer Plazen an enger Pizzeria reservéiert, wou sech och eng gutt Gesellschaft zesummefonnt huet. D'Virfreed ob d'Haaptevenement war de ganzen Owend scho gräifbar, dofir sinn di meeschte Leit schnell schlofe gaangen.
Well Sonndes huet dann zimlech frei de Wecker geschellt an di feierwüteg Leit hunn sech all an hir schéinste Verkleedunge geheit, fir och rechtzäiteg um Treffpunkt ze sinn. Um 'Alter Markt' hunn sech lues a lues ëmmer méi Jecken zesummefonnt a mat der Musek vun de Bands, déi op Leinwänn a Lautsprecher vun der Haaptplaz iwwerdroe goufen, ob de grousse Moment vum Dag gewaart: 11:11. Och dono ass ëmmer weider gefeiert ginn, egal ob Reen oder Sonn, bis et da géint der Owend virugaangen ass; entweder Heem Energie tanken oder direkt an d'Zülpicher Straße, wou een op Schratt an Tratt e Club oder Café fonnt huet, an deem ee mat Cowboys, Pandaen oder liewensgrousse Kinderschokobons bis déif an d'Nuecht weiderfeiere konnt.


Tarte Flambée (ALUS)

Stroossbuerg

4 Deeg no der Kölner Intercercle hunn och d'Stroossbuerger Studenten ob hir traditionellt Tarte Flambée Event agelueden. Am Restaurant 'Au Brasseur' goufen et während dem ganzen Owend Tarte Flambée an selwergebraute Béier an zwar illimité. Reiheweis sinn d'Telleren an d'Glieser gefellt an rem eidel gemaach ginn, ennerbrach vun deem engen oder aaneren Studentelidd wat zum Beschte bruecht gouf. Nodeem all Mensch gesiedegt war, ass et dann och firugaangen. D'ALUS huet ee Club reseveiert, wou di 130 Participante di ganz Tarte Flambéen konnten mat Danzen a Feieren erem verdauen. Bis speit an d'Nuecht konnten nei Bekanntschafte geknept ginn oder Koleege remgesi ginn, ier et dann moies um 3 fir jiddereen an d'Bett gaangen ass.


Caférallye (AVL)

Oochen

Eng Woch drop waren et dann d'Oochener Studenten, déi hir Kollege bei sech invitéiert hunn, fir zesummen en Cafésrallye duerch hir Staat ze maachen. Startpunkt war de Stammcafé vum AVL, wou aus allen Teilnehmer di 12 duerchgewierfelt Gruppen entstane sinn. All Grupp huet mindestens een externe Participant an en Erstsemestler bei sech hunn, sou war en reegen Austausch vun alle Leit virprogramméiert. Eng no der anerer sinn dann d'Gruppe lassgeschéckt ginn, fir hir Rallye duerch d'Staat a 7 ausgewielte Caféen ze maachen. Wei dat bei engem Rallye sou ass, goufen och Froebéi an Aufgabe verdeelt, déi d'Leit wärend dem ganzen Owend missten absolvéieren a beäntweren, sief et Froen iwwer Oochen oder d'REEL 2018 oder d'Hierstelle vun enger Muertenzalot.

An verschiddene Caféen hunn och Comitésmembere gewaart, déi kleng Spillercher fir d'Gruppe virbereet hunn, zum Beispill huet ee misse 'mënschleche Kran' spillen an eng Pyramid bauen. Fir herno och de ganze Rallye ze gewannen, ass et natierlech wichteg, sou vill Punkte bei de Froen, Aufgaben a Spiller ze sammele wei méiglech. No laange Stonnen ass dann och di leschte Grupp erëm am Stammcafé ukomm, wou d'Punkten ausgezielt an d'Gewënner verkënnegt goufen. D'Stëmmung war natierlech elo um Héichpunkt, sou dass sech d'Party nach bis an d'Moiesstonne gezunn huet, bis dann och dee Leschten aus dem Café gekiert gouf an sech ob den Heemwee gemaach huet.


Clear the Bottles (LSZ)

Zürech

Am November gëtt keng Zäit verluer, well de Dag drop schonn di nächsten Intercercle stattfonnt huet: d'Studente vun Zürech hunn ob di éischten Editioun vun hirem Clear the Bottles agelueden. Bis elo war dëst en Event just fir den LSZ, dëst Joer hunn se dann och di aner Studenten agelueden, mat hinnen ze feieren. Ugefaangen huet et mat engem Welcome Event, wou een sech mat Tapas an Gedrénks an enger gemittlecher Atmosphär konnt vollschloen an di aner Participante kenne leieren, ier et iwwert den Zürecher Chrëschtmaart gaangen ass. Di ganz motivéiert sinn dann nach virugaangen an hunn sech an der Partystrooss vun der Staat di verschidde Lokaler ugekuckt an och deen een oder aneren Drink probéiert.

Samschdes am Nomëtte goufen d'Leit dann ob e Rallye duerch d'Staat geschéckt, fir eemol puer vun de schéinsten Ecke vun Zürech ze gesinn an duerch Froen, déi ze léise waren, bëssen iwwer d'Geschicht vun der Staat an der Schwäiz gewuer ze ginn. Wärenddeem huet de Comité natierlech keen erdiischtere gelooss an d'Spiller, déi ze bewältege waren, hunn et de Leit méi einfach gemaach duerch d'Keelt ze trëppelen. Nom ustrengenden Dag hunn sech d'Leit all zréckgezunn an sech beim Owesiessen opgewiermt a gestäerkt fir den Haaptdeel vum Event, dem 'Clear the Bottles'.

Wei de Numm et scho seet, gi bei dëser Soirée all d'Fläschen, déi sech wärend dem Joer sou ugesammelt hunn, a versammelter Mannschaft eidel gemaach, mee natierlech och nach Neies dobäikaf. An engem Sall vun der Uni hunn di eng de ganzen Owend Béierpong gespillt, di aner ob gutt Musek gedanzt oder sech och just mat de Leit ënnerhalen. Bis an d'spéit Nuecht hunn sech alleguer d'Participante richteg gutt ameséiert, ier se dann dem Ruff vum Sandmann nokomm sinn an heem schlofe waren.


Badische Meile (AELK)

Karlsruhe

Als schéinen Ofschloss vum November genau sou wéi vum Intercerclesjoer huet den AELK d'Leit aus den anere Cerclen op hir Badische Meile agelueden. Ähnlech wei bei der offizieller Badischen Meile, engem Laf iwwer 8,88889km, hunn och d'Participanten ob dëser Intercercle puer Kilometer duerch Karlsruhe missen trëppelen. Deen Dag haten se awer net dauernd d'Zillinn am A, mee éischter di verschidde Froen an Aufgaben, déi se wärend dësem Cafésrallye gestallt kruten.

Passend zur Joreszäit war de Startpunkt virum Chrëschtmaart, wou d'Leit a 5 Gruppen opgedeelt goufen an se sech jeeweils an d'Richtung vun engem ausgewielte Café gemaach hunn. Begleet vu Froen zur Staat, dem Allgemengwëssen oder einfach nëmme fir de Wee bis di nächst Statioun ze fannen, hunn sech di eenzel Gruppen den Owend laang duerch d'Nuecht beweegt. Natierlech war net just d'Gehiermasse gefrot, fir di meeschte Punkten ze sammelen, mee bei de ronn 10 Spiller, déi gemaach goufen, war och Geschécklechkeet a Fitness néideg. No laange Stonne mat dämpende Käpp, ugestrengte Muskelen a gutt gefëllte Bäich ass de Rallye och schonn zu engem Enn komm. Wéi all d'Participanten erëm um Marktplatz beim Chrëschtmaart ukomm sinn, goufe féx d'Punkten ausgezielt an d'Gewënnerequippe krut och hire Präis. Wei dann den Haaptdeel fäerdeg war, sinn nach puer motivéiert Leit mat an ee vun de ville Karlsruher Clubs gaangen, fir den Owend gemittlech auskléngen ze loossen.


Soumat si mer och schonn um Enn vun engem Joer voller flotter Intercerclen, wou nei Kollege gemaach an Aler erëmgesi goufen a wou all Mënsch, egal ob Externen, Internen oder Comitésmember, voll ob seng Käschte komm ass. Mir hoffen, iech hunn eis Blogposts iwwert des wichteg Evenementer gefall an dass mer iech och nächst Joer erëm kënne bei eiser Intercerclesrei als Lieser begréissen.

Mir wënschen all Mënsch schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.