Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

Cheque-Iwwereeschung am Kader vum Tournoi de Noël

By February 22, 2019May 29th, 2019No Comments

Um Tournoi de Noël si mir als ACEL zoustänneg fir d’Verfleegung vun de Sportler a Supporteren. Mam Wëssen, dass mer de Gewënn, dee mir wärend deenen 2 Deeg maachen, un gemengnëtzeg Organisatioune spenden, hunn sech d’Leit och net zeréckgehale mam Consomméieren vu Gedrénks. Dofir si mer frou, den zwou Associatioune jeeweils en Chèque am Wäert vun 2636,35€ kënnen z’iwwerreechen.

D’Association Narin ass eng 2015 gegrënnten A.s.b.l., déi aus enger Kleederkollekt fir Flüchtlingen entstanen ass, a säitdeem verschidde Projeten an Aktiounen organiséiert, déi bedürftege Leit an den ënnerschiddlechste Punkten hëllefen. Mat eisem Geld gëtt en Stipendium fir d’Uni.lu finanzéiert, mat deem een oder méi Flüchtlinge wärend hirem Studium ënnerstëtzt ginn, deenen och elo schonn d’Association ënnert d’Äerm gräift.

D’Fondation Maison de la Porte Ouverte ass ebenfalls eng A.s.b.l., déi schonn 1971 gegrënnt gouf, an sech zënterhier em di äermste Leit aus dem Véierel Lëtzebuerg-Gare këmmert. Hautdesdaags geréieren si puer Centres d’Accueil, wou virun allem Kanner an Jugendlecher opgeholl ginn an mat hinne geschafft gëtt. Mat eisem Geld gëtt en “Regroupement familial” ënnerstëtzt, wou en Jugendlechen, deen eleng zu Lëtzebuerg gelant ass, mat senger Mamm a sengen 2 Geschwëster, déi am Ausland festsetzen, soll réunéiert ginn.

Mir freeën eis, mat eiser Spend sou gudde Projeten ënnert d’Äerm kënnen ze gräifen a wënschen den zwou Associatiounen och an Zukunft vill Erfolleg bei hirer Aarbecht.