Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Maison Eisenborn vum SNJ

By February 22, 2019May 29th, 2019No Comments

De Service National de la Jeunesse (SNJ) huet viru Kuerzem déi sougenannten “Maison Eisenborn” an d’Liewe geruff fir jonk Leit, déi keng Adresse méi zu Lëtzebuerg hunn, ze ënnerstëtzen.

De Service National de la Jeunesse (SNJ) bitt Lëtzebuerger Studenten, déi am Ausland studéieren a keng Wunneng hei zu Lëtzebuerg hunn, sief et well se aus engem Foyer kommen oder d’Méiglechkeet net méi hunn, fir bei hiren Elteren ze wunnen, 17 bewunnbar Zëmmeren an der Maison Eisenborn un. Vun deene 17 Zëmmere sinn de Moment 7 Zëmmeren amenagéiert. Zu deenen Zëmmeren zielt eng Gemeinschaftskichen, een Openthaltsraum an ee Gemeinschaftsbuedzëmmer. Dës Zëmmere sinn och fir Auslänner geduecht, déi iwwert den SNJ ee Volontariat maachen an dofir iwwert eng länger Zäit zu Lëtzebuerg sinn a keng Wunneng hei am Land hunn. Et besteet och d’Méiglechkeet nëmme fir verschidde Weekender oder an de Vakanzen een Zëmmer unzefroen. Fir d’Zesummeliewen ënnert de Bewunner vun der Maison Eisenborn ze stäerken, kennt zwee mol an der Woch eng Educatrice op de Site.
Déi eenzeg Kritären déi een als Student muss erfëllen, fir seng Demande beim SNJ kennen ze maachen ass, dass ee muss am Ausland studéieren a keng Adress zu Lëtzebuerg däerf hunn a wëlles huet e Lien zu sengem Ëmfeld zu Lëtzebuerg oprecht ze erhalen. De Loyer ass ganz gënschteg an erlaabt engem seng Wunneng am Ausland weider ze bezuelen.
D’Maison Eisenborn bitt natierlech net nëmmen de Volontairen an de Studenten d’Méiglechkeet do ze wunnen, mä et kann een sech och op dëser Adress umellen a behält esou eng Residenz zu Lëtzebuerg, wat erméiglecht d‘ Bourse beim CEDIES unzefroen.
D’Maison Eisenborn gëtt de Bewunner och d’Méiglechkeet, fir hier eege perséinlech Saachen ënner ze bréngen.
Wann’s du an sou engem Fall bass oder eng Persoun kenns, fir déi d’Maison Eisenborn eng Hëllef kéint sinn, da mell dech ënner email hidden; JavaScript is required. D’Madamm Hetto kuckt sech däin Dossier un an organiséiert dann ee gemeinsamt Gespréich.