Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

Déi 2. Editioun vum ACEL-Quizowend

By May 1, 2019December 14th, 2019No Comments

Wéi läscht Joer och schonn hu mir eis Membercerclen agelueden, en relaxen Owend ënnerteneen ze verbréngen, ouni mussen eppes ze schaffen, wéi um Studentebal oder Tournoi de Noel. An Equippe vun 3 bis 5 Mann hunn sech mol Cerclen, mol Kollegen aus verschiddene Studentestied a souguer puer Anciene géigesäiteg duelléiert an sech de Froe vum Quizmaster gestallt. An de Kategorië Sport, Geographie, Geschicht, Wëssenschaft, Konscht a Kultur, Studenten a Lëtzebuerg krut ee Fotoen a Froe gewisen a souguer Lidder mat hiren Interprete gouf ee gefrot. Natierlech huet och kee missen Honger oder Duuscht leiden, well d’Barleit vun eiser Location, dem Rooftop Chalet & Beach Bar, ware fläisseg ënnerwee an hunn all d’Participante verfleegt.

No méi wéi 4 Stonne geeschteger Ustrengungen a ville kniwwelege Froen ass de ganzen Owend och schonn ob en Enn komm a mir konnten eis Gewënnerequippe presentéieren:

Als ‘Lucky Loser’ krut di zweetlescht Equippe, LST, eng Fläsch Wäin an eiser schéiner ACELs-Këscht.

Sou grad ob d’Gewënnerpodium huet et d’Equipe ‘We thought this was a Karaoke night’ gepackt. Mat 55 vu 84 méigleche Punkten hunn si sech di Drëtt Plaz ergattert a kruten als Präis jiddereen eng Tut mat ville Gadgete wéi engem Kaartespill oder engem Kachläffel.

Als Zweeten an d’Ziel komm sinn d’Leit aus der Equipe ‘Oochen 3 – Voll dobäi’, déi mat 56 Punkten en Gedrénksbong fir de Go Ten an der Stad gewonnen hunn.

Den éischte Präis huet mat engem klenge Virsprong vun engem Punkt d’Equipe vu ‘Pour un flirt avec toi’ gewonnen, déi och scho lescht Joer di éischt Plaz ergattert haten a soumat hiren Titel verdeedege konnten. Als Präis kruten se eng selwer zesummegestallte ‘Lëtzebuerger Corbeille’ mat verschiddene lëtzebuerger Spezialitéite wei Kachkéis oder Mettwurschten.

Eigentlech wier eis Equipe vun der aACEL ob di éischte Plaz komm mat 60 Punkten, mee si hunn sech dofir entscheet, hors compétition matzespillen an sou hir Plaz am Klassement de Studenten z’iwwerloossen. Dofir e grousse Merci!

An och all di anere Participanten, déi net gewonnen hunn, wéilte mer gäre Merci soen, well ouni si wier et keen sou flotten Owend ginn. Hoffentlech hudd dier dat och esou gesinn a mir freeën eis, nächst Joer erëm eng Editioun vun eisem Quizowend z’organiséieren. \MC