Jonk BAD

Bibliothéikswiesen-, Archivistik- an Dokumentatiouns-Studenten

D'Jonk BAD, gegrënnt den 4. Juli 2015, ass ee Studentencercel fir Lëtzebuerger Studenten am Bibliothéikswiesen, der Archivistik an der Dokumentatioun. Eist Ziel ass et d'Studente matenaner ze verbannen a soumat eng Gemeinschaft ze bilden, déi zesumme flott Aktivitéiten ënnerhuëlt an Informatiounen zu Studium a Beruff austauscht. Wat maache mir? Zu eisen Aufgaben ziele mir: - Informatiounen zu de verschiddene Studiengäng ze vermëttelen, ënnert aneren z.B. op der Studentefoire - Informatiounen zu de verschiddene Beruffer ze vermëttelen - Futur-Studenten z‘ënnerstëtze bei der Bewerbung, Wunnengssich a Co. - Studente bei der Sich no enger Stagesplaz ze hëllefen Cotisatiounen Cotisatioune setzen sech wei follegt zesummen: - Membres actifs: 5 € (Leit, déi am Moment nach op enger Uni ageschriwwe sinn/studéieren am Beräich Bibliothéikswiesen-, Archivistik- an Dokumentatioun oder konnex Beräicher) - Membres donateurs: fräie Beitrag (Jiddereen)


Contact: