ACEL, Daachverband vun de Studentecercelen

ACEL - de Studentevertrieder

Aus engem Grapp voll engagéierte Studenten, déi 1984 decidéiert hunn sech zesummenzedoe fir besser gehéiert ze ginn, ass eng Associatioun ginn, déi net méi aus dem lëtzebuerger Studentemilieu ewech ze denken ass.

D'Association des Cercles d'Étudiants Luxembourgeois (ACEL) vertrëtt haut net manner wei 44 Studentecerclen déi duerch d’ganz Welt verspreet sinn. Dëst mëscht d'ACEL zum Représentant vu ronn 10.000 Studenten an ass domadder de gréissten a wichtegste Studentevertrieder zu Lëtzebuerg.

D´ACEL ass ideologesch a politesch neutral.

Vill lëtzebuerger Studente sinn derzou gezwongen hiert Studium am Ausland ze maache well d'Unzuel u komplette Studiegäng déi d'Universitéit Lëtzebuerg ubitt begrenzt ass. Dëst ass eng eenzegaarteg Situatioun, déi grouss Virdeeler mat sech bréngt an zur Grënnung vu Studentevereenegungen a villen europäesche Stied gefouert huet. 44 „Cerclen“ bilden haut déi aktiv Membere vun der ACEL a sinn op 9 Länner verdeelt. Dorënner ass Lëtzebuerg, d’Belge, Däitschland, Frankräich, England, Irland, Éisträich, Holland, an d'Schwäiz. Dës Vereenegungen empfänken a vereenen d’lëtzebuerger Studente während hirer Studienzäit an de jeeweilege Stied. Dernieft ginn et nach 7 fachspezifesch Cerclen (Medeziner, Economisten, Juristen, Psychologen, Ingenieuren, Bibliothecairen an d'Kommunikatiounsstudenten).

Säit senger Grënnung huet sech den Daachverband dräi Haaptaufgabe gesat:

  • Zesummebréngen vun de lëtzebuergesche Studenten am Ausland, wéi och zu Lëtzebuerg.
  • Informatioun vun de Studenten an den zukënftege Studenten.
  • Representatioun a Verteidegung vun de Rechter vun de Studenten ob nationalem an internationalem Niveau.

Veranstaltungen

Comité

ACEL kontaktéieren

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.