LSHH
Lëtzebuerger Studenten zu Hamburg

Moin Moin, wéi een hei am Norden sou schéi seet.
Onst Ziel als Cercle ass et d`Lëtzebuerger Student_innen an eiser schéiner Hansestad zesummenzeféieren, an hinnen d Méiglechkeet ze ginn, einfach néi Kontakter ze fannen.
De Cercle soll als Ulafplaz an Austauschsplattform fir all méiglech Froen vun lokalen Student_innen, Erasmus an Austauschstudent_innen, mee och fir Studieninteresséierten déngen an de Kontakt ënnerteneen stäerken. Des Froen kennen sech ob d'Umeldung ob da Uni, d'Wunnengssich, d'Stad selwer bezéien, awer och ob d'lokaalt Nuetsliewen, Evenementer zu Hambuerg an interessant Méiglechkeeten fir Student_innenn.
Zum Cercle
Am Oktober 2017 ass d'Decisioun gefall no 3 Joer e Schrëtt weider ze goen an en offizielle Cercle ze grënnen. Den 26. Dezember huet den LSHH sech dann ob da Assemblée Générale vun da ACEL virgestallt a gouf als weidere Member-Cercle opgeholl. De Comité besteet momentan aus 3 Persounen an zielt eng 15 Memberen.
Wat ënnerhuele mir zesummen?
Mier treffen eis all éischte Mëttwoch am Mount fir eisen Stammdësch.
Geleegentes ginn och aner Aktivitéiten (Schlittschongfueren, Tour iwwert den "Dom", asw.) geplangt, dofir am beschten an eiser Facebookgrupp laanschtkucken.
Laangfristeg wëlle mir och de Kontakt zu anere Cerclen sichen an eisen eegenen Intercercle a Norddäitschland ubidden.
Iwwert Hambuerg
D'Hansestadt ass mat 1,8 Milliounen Awunner déi zweet gréisste Stad an Däitschland. Hambuerg huet den drëtt gréissten Containerhafen an Europa an mat 2.500 Brécken méi Brécken wéi Amsterdam an Venedeg zesummen. Et gi nieft Musicalen, dem Hafen, da Reeperbahn ("sündigste Meile der Welt") an da Sternschanze nach vill aner Platzen ze entdecken. D'Stad zielt iwwert 100.000 Student_innen, di sech ob di verschidden privat an staatlech Universitéiten an Héichschoulen verdeelen.