Events

33. REEL - Köln/Bonn

Ganztägig
REEL

Déi 33. Oplag vun der REEL, der „Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois“, huet eng Besonneschkeet. Et ass dëst Joer déi éischte Kéier dass Köln an Bonn sech zesummendinn fir se ze organiséieren.
D’REEL ass een festen Bestanddeel am Kalenner vun all Student an Member vun der ACEL. Och dëst Joer wäert den Programm eng Variatioun sen aus kulturelle Visite, Diskussiounen an Kontakt mat Partneren an Vertrieder aus Politik, souwéi natierlech och flotten Owender an gudder Gesellschaft mat neien an allen Studenten Kollegen.

Thema vun der deesjähreger REEL ass: "Bezéiungsstatus: Et ass komplizéiert! D’Relatioun zwëscht dem Arbeitgeber an dem Student als futur Arbeitnehmer."
Dëst Thema wäert déi ganz REEL dominéieren, mat dem Héichpunkt um Samschde, wou Politiker, Partner, Studentevertrieder an weider wichteg Acteuren aus Lëtzebuerg an enger Table Ronde diskutéieren.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.