Events

BBQ AELL virum Balelec

12.05.2017 18:00
AELL

Den 12. Mee fënnt zu Lausanne den Balelec Festival statt. Wei all Joer, invitéiert d’AELL och dëst Joer erëm op hiren BBQ virum Festival. RDV ass um 18H op der Plage de Vidy. Hei wäerten mir Gegrills an Gedrénks stëften fir en flotten Owend um Séi ze hunn, éiert mer dann méi spéit am Owend zesummen op den Festival ginn.

Méi Informatiounen zu Festival selwer fannt dir hei:
https://www.facebook.com/events/454037734939422/
Wann dir dono wëllt mat op den Festival goen, muss dir iech do är Ticketen selwer organiséieren.

Wann elo een nach eng Schloofplatz brauch kann en sech gearen bei eis mellen dann kennen mir em do hëllefen.
Mir wieren och frou wann déi Leit déi kommen sech gëngen beim Tun Feltes oder Julien Busser unmellen.

Mir gëngen eis freeën wann der deen Owend mat eis gengt verbréngen,

AELL

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.