Events

Tartes Flambées Intercercle

16.11.2017 20:00
ALUS


Au Brasseur
22, Rue des Veaux
67000, Strasbourg
France

Léif Memberen a Frënn vun der ALUS,

Eis traditionelle Tartes Flambées Intercercle steet nees virun der Dier ! Zesumme mat eise Frënn aus anere Studentestied wéi Karlsruhe, Freiburg, Heidelberg etc gi mir de 16. November wéi gewinnt an de Brasseur Tartes Flambées à volonté iessen.

Fir 15€ kritt dir Tartes Flambées à volonté a Béier a Soft gratis während aner hallwer Stonn. Treffpunkt ass um 20h00 virum Brasseur (22 rue des Veaux, 67000 Strasbourg). Fir deen Owend bësse méi Zäit ze spueren, géinge mir iech bieden, NO ärer Umeldung, eis déi Suen op eise Konto z'iwwerweisen.

An de Keller vum Brasseur passe leider just 130 Leit eran, dowéinst ass et wichteg dass jiddereen, och eis Frënn aus anere Stied, sech iwwert den Umeldungsformulaire umellt, well just eng Zouso op Facebook gëtt net consideréiert !

De Formulaire (https://www.inscription-facile.com/form/wGlhDw4r4ZQBfC49sFLn) geet eréischt ab den Donneschden 19.Oktober um 15h00 op, a wann mir bis bei 130 Umeldunge sinn, fänkt dann eng Waardelëscht un. Kontrolléiert dofir reegelméisseg är Mails a Spam fir ze wëssen wou dir drun sidd op der Lëscht!

Fir weider Froe kennt dir eis gäre schreiwen.
Den ALUS Comité

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.