D’ANESEC an d'ANELD invitéieren iech dëst Joer nees op hier traditionell Rencontre Entreprises-Etudiants (REE).
D’REE ass eng Jobfair organiséiert vu Studente fir Studenten.
WÉINI?
Freides den 22. Dezember 2017 vun 13:50 Auer bis 18 Auer.
WOU?
An der Chambre de Commerce um Kierchbierg.
13 Rue Erasme, 1745 Luxembourg
WAT?
eng Table Ronde zum Thema:
"Innovatioun an Digitalisatioun: Wéi eng Zukunft fir d’Aarbecht als Jurist oder Ekonomist?"
eng Jobfair fir Eko an Droit Studenten
Renomméiert Firmen
Simulations d'entretiens
PROGRAMM:
13:50 - Start
14:00 - Begréissungsried vun den Presidenten
14:10- Erëffnungsried vun engem Special Guest
14:20 - Table ronde zum Thema: "Innovatioun an Digitalisatioun: Wéi eng Zukunft fir d’Aarbecht als Jurist oder Ekonomist?"
15:20 - Rencontre Entreprises-Etudiants a Form vun enger Job Foire, Simulatiounen vun Virstellungsgespréicher.
18:00 - Vin d'honneur
Wann dir dorun interesséiert sidd fir en Virstellungsgespréich mat engem aus dem HR vun enger renomméierter Firma ze üben, als Jurist oder Ekonomist, kënnt dir iech op fir eng Simulation d’Entretien umellen.
D’REE ass komplett gratis an dir musst iech net umellen fir deelzehuelen (ausser fir d'Simulatiounen).
Enner anerem ginn et nach Gewënnspiller an d’Orateuren ginn no an no virgestallt!
Falls du nach kee Member vu der ANESEC (Cercle vun den Lëtzebuerger Eco Studenten) oder ANELD (Cercle vun den Lëtzebuerger Droit Studenten) bass, dann mell dech elo gratis un: respektiv
Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.