Events

34. REEL - Bréissel

Ganztägig
REEL


Brüssel
Belgien

Déi 34. Oplag vun der REEL, der „Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois“, fënnt dëst Joer zu Bréissel statt.

D’REEL ass ee feste Bestanddeel am Kalenner vun all Student a Member vun der ACEL. Och dëst Joer wäert de Programm eng Variatioun sinn aus kulturelle Visite, Diskussiounen a Kontakt mat Partner a Vertrieder aus Politik, souwéi natierlech och flotten Owender a gudder Gesellschaft mat neien an ale Studente Kollegen.

Thema vun der dessjähreger REEL ass: "Student 4.0 Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt - Erausfuerderungen a Chancen"

Dëst Thema wäert déi ganz REEL dominéieren, mat als Héichpunkt um Samschden, enger Table Ronde tëscht Politiker, Vertrieder aus der Ekonomie a Studentevertrieder aus Lëtzebuerg.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.