Events

Soirée d'Information sur la Psychologie

19.04.2018 19:00
ALEP


BGL BNP Paribas (Headquarters)
50, Avenue J-F Kennedy
2951, Luxembourg
Luxemburg

D'ALEP freet sech, iech op en Neits hir traditionell Soirée d'Information sur la Psycholgie unzekënnegen. Op dësem Event fënnt den Austausch tëschent beruffstätegen Psycholog/innen, Psychologiestudent/innen an Schüler/innen statt. Insgesamt 4 Invitéen halen eng kuerz Presentatioun iwwert hiren Beruffswee an hiren Alldag als Psycholog/in sou wéi den Bachelor-Studiegang Psychologie op der Uni.lu. No den Presentatiounen hutt der dann d’Méiglechkeet, iech bei engem Patt an engem gudden Maufel mat den Intervenanten an eis iwwert den Beruff an den Studium vun der Psychologie ze ënnerhalen, an all Froen ze stellen, déi der schonn ëmmer stellen wollt.

Den Entrée ass gratis an dir kënnt natierlech och Famill, Kollegen an all aner interesséiert Persoun op dësen Owend matbréngen. Umeldung w.e.g. hei iwwer Facebook oder per E-Mail op contact@alep.lu

Mir freeën eis op iech!

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.