Events

Beachvolleyballs-Intercercle

Ganztägig
LSK


Kaiserslautern
Deutschland

Zu Lautern ginn d’Netzer erëm gespaant, et gëtt erëm Zäit fir eisen Beachvolleyballs-Intercercle!

Wéini? Ma den 14. Juni 2018!

Détailer kommen no...

Gespillt gëtt wéi déi 2 lescht Joeren zu Steinwenden, genau Address ass Bergstraße 5, 66879 Steinwenden.
Dir kënnt awer och vun eiser Busnavette profitéieren (klengen Onkäschtebäitrag fälleg), déi moies vun Hohenecken op Steinwenden fiert an owes erëm zeréck.

Waat gëtt alles gebueden?

Frësch gezapptenen lëtzebuerger Béier
Sangria, Schampes, …
Gegrills fir den Honger zwëschenduerch
e Beachvolleyballsturnéier vum feinsten
Spaass a gutt Laun
Vestiairen mat Duschen fir eis Sportler

Owes: FLATRATE-PARTY!

Grouss Flatrate-Party fir 20€/Persoun, mat BBQ, Zalotebuffet, Béier, Musék, Béier, Partystëmmung, Béier an an an..

Schlofen kënnt der an ärem Zelt, Auto oder ënnert dem Stärenhimmel..

Den aneren Dag moies gëtt et nach e klengen Käffchen an eppes klenges zwëschen d’Zänn.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.